Baden-WürttembergFuerverbuet fir Dieselen zu Stuttgart gi méi konkret

Vum Januar 2019 u solle bestëmmten Dieselautoen net méi zu Stuttgart fueren duerfen. Dat sinn d’Pläng vun der Landesregierung vu Baden-Württemberg.

Ee Joer méi spéit sollen och Dieselautoen vun Norm Euro 5 verbuede ginn. Dat schreift d’Stuttgarter Zeitung. Domadder sinn d’Pläng fir een Dieselverbuet scho méi konkret wéi bis ewell gemengt.