RéckruffaktiounVerraschte Schrauwen - 123'000 Tesla Model S ginn zeréckgeruff

Den Autosproduzent Tesla rifft weltwäit 123.000 Autoen vum Model S zeréck. Et besteet nämlech d'Gefor, dass d'Schrauwe vun der Servoslenkung verraschten.

Vun dëser fräiwëlleger Réckruffaktioun sinn Autoe betraff, déi virun Abrëll 2016 gebaut goufen. Dat huet den amerikanesche Produzent vun Elektroautoen en Donneschdeg bekannt ginn. Den Austausch vun de Schrauwen dauert ronn eng Stonn. Wéi et vun Tesla heescht, wiere bis ewell awer nach keng Accidenter duerch verraschte Schrauwe geschitt.