Bei ZoufftgenFeierdag an Däitschland, Kontrollen zu Lëtzebuerg, Stau a Frankräich

Virun der Lëtzebuerger Grenz, op der franséischer Autobunn A31, huet et um Freideg gestaut - do goufe Camione kontrolléiert ...

De Grond war Karfreideg, dat jo e Feierdag an Däitschland ass an dowéinst gouf et op deem Dag do e Fuerverbuet fir Camionen ...

... dofir gouf da schonn op der franséisch-lëtzebuergescher Grenz kontrolléiert vun der Lëtzebuerger Police, ob Camionen net am Transit duerch de Grand-Duché fuere wëllen.

Als Camionschauffer war dann och Gedold néideg: Op der franséischer A31 hu sech d'Gefierer e Freideg de ganzen Dag iwwer wéi un enger Ketten aus Pärelen een un dat anert gereit ...