VWChef Müller muss goen, soen däitsch Medien

De Volkswagen-Konzern wëll e Freiden déifgräifend Ännerungen op ieweschtem Niveau decidéieren.

Däitsch Medie mellen, dass de Chef vum Konzern Mathias Müller muss goen. Bei VW ass den internen Ëmbau scho méi laang een Thema. De Konzern huet schwéierfälleg Strukturen a wëll den eenzelne Marken a Regiounen méi Verantwortung ginn. Derbäi kënnt dee ganze Volet vun der Elektro-Mobilitéit.