VIDEO: CyberkriminalitéitArnaque beim Routenplaner: Opgepasst op d'Abo-Fal

Eng harmlos Recherche am Internet kann emol ganz séier problematesch ginn. Dëst ass emol gäre bei Routenplaner de Fall.

Arnaquen duerch Routenplaner (10.04.2018)
Eng harmlos Recherche am Internet kann emol ganz séier problematesch ginn. Dëst ass emol gäre bei Routenplaner de Fall.
Et huet ganz bestëmmt scho jiddereen et méi wéi eng Kéier gemaach. Et fiert een an d’Vakanz a wëll virdru wëssen, wéi laang een duerfir mam Auto brauch, da geet een op den Internet a gëtt d'Stréck an de Routenplaner an. Eng éischter harmlos Recherche, déi awer a munch Fäll séier problematesch ka ginn. Et kann een, wann een dann op déi falsch Säit trëfft, ganz einfach a séier ugeschmiert am ëm Sue bedru ginn.

Méi wéi een där Fäll gouf et schonn. Ënnert anerem dem Joëlle Barbelen ass dëst geschitt. Si hat um Site hir Donnéeën uginn a krut zwou Woche méi spéit eng Mail, datt si sech abonnéiert hätt. Derbäi eng Rechnung, déi d'Fra, och no e puer weidere Mailen, wou den Toun méi haart ginn ass, net bezuelt huet. Si huet sech beim europäesche Konsumenteschutz gemellt a vun hinne krut si direkt gesot, datt si déi Rechnung net bezuele sollt. Dëst wier beim Konsumenteschutz eng bekannten Zort vun Internetbedruch.



Vill Leit falen op sougenannten "Abo-Falen" eran. Soubal een de klengsten Doute huet, soll een net bezuelen, ma sech un de Konsumenteschutz riichten.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.