ULCKonsumenteschutz huet 4 Plainten am Kontext vum Dieselgate deposéiert

Eisen Informatiounen no huet d'ULC am Mäerz am Kontext vum Dieselgate 4 Plaintë virum Stater Bezierksgeriicht deposéiert, am Numm vun eenzele Memberen.

Den Dieselgate kritt weider juristesch Suitten zu Lëtzebuerg. Eisen Informatiounen no, huet de Konsumenteschutz de leschte Mount 4 Plainten am Numm vun de jeeweilege Membere virum Stater Bezierksgeriicht deposéiert. Et handelt sech net ëm eng Sammelklo. Dat léisst déi Lëtzebuerger Gesetzgebung nämlech net zou. Et si 4 eenzel zivilrechtlech Kloen, sougenannten Testfäll, wéi mer vun engem Vertrieder vun der ULC gesot kruten, am Numm vu 4 Privatleit, déi vun der gefälschter Software betraff sinn, stellvertriedend fir déi aner. 

D'Leit kloen net nëmme géint d'Autokonstrukteure VW an Audi ma och géint den Importateur an déi 4 Concessionairen, déi hinnen d'Autoe verkaf hunn. De Konsumenteschutz stellt e Freideg op enger Pressekonferenz d'Detailer vir.

D'Lëtzebuerger Regierung hat hirersäits am Kontext vum Dieselskandal eng Plainte géint X gemaach. Dobäi eraus komm ass bis ewell weider näischt. Hei am Grand-Duché waren iwwregens méi wéi 31.500 Autoen vun de manipuléierten Ofgaswäerter betraff.

D'EU-Kommissioun soll hirersäits um Mëttwoch de Mëtteg en neie System virstellen, mat deem europäesch Sammelkloe méiglech ginn. D'Consommateure sollen doduerch méi Rechter kréien.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.