DäitschlandMaut soll eréischt Mëtt 2020 agefouert ginn

De Peage-System an Däitschland soll eréischt Mëtt 2020 agefouert ginn, dat schreiwen all Zäit d'Zeitunge vun der Funke Mediengruppe.

Deen Datum wier realistesch, fir datt d'Maut, ouni ze vill Risike bei der Ëmsetzung, Realitéit kéint ginn. Den däitschen Transportminister Andreas Scheuer vun der CSU hat sech ze lescht net méi op en Datum festgeluecht.

Wéi et nach heescht, géifen duerch dëse Retard am Budget fir déi nächst zwee Joer Recetten an Héicht vun op d'mannst 720 Milliounen Euro feelen.