Autotest vum 22. AbrëllHyundai i30N

De Hyundai i30 ass éischter e méi braven Auto. Mä mam i30N ginn elo d'GTIen an d'STen an d'Viséier geholl. De Pascal Becker huet de Korea-Sportler getest.

Mol éierlech! Ech hunn dësen Job net gewielt fir langweileg Pampersbomber oder liddereg SUV’en ze testen. Meng Astigsdrog an de fréien 80er Joere war de Golf GTI: praktesch, erschwénglech an d’Fuerleeschtunge vun engem Sportswon.

No schwieregen Zäiten erlieft déi Kategorie an der Lescht esou eppes wéi Woodstock 2. A Hyundai hunn hire beschte Gittarist op de Revival geschéckt. Den i30N.

En normalen i30 ass e kompetenten Auto. Mam Charisma vun engem Comptabel. An domat mengen ech natierlech net déi fäi Persounen, déi meng Pai zesummerechnen. Och si hunn héchstwahrscheinlech en duerchtrainéierte Kierper ënnert engem éischter disktrete babybloe Kleed. De Verzicht op eng Spoilerorgie à la Honda Type-R ass spéitstens bei der éischter Verkéierskontroll keen Nodeel. Et si subtil Detailer, déi verroden, dass dat hei guer kee Braven ass. D’Hyundai-Ingenieuren huelen déi Saach mam dynamesche Fuerspaass näämlech ganz sérieux. Do gëtt et eng Verstriewung, déi quesch duerch d’Mall geet. Onpraktesch wann een d’Sëtzer ëmleeën wëllt, mä wichteg fir d’Stabilitéit vun der Karosserie. An déi viischt Rieder hunn e prononcéierte negative Stuerz. Dat ass d’Garantie dofir, dass de viischten Train sech richteg an Kéier erabäisst.

No de Raffinesse vum Chassis ass den Intérieur e bësse brav fir 275 Päerd. Et sëtzt een och relativ héich, en Tribut un déi 5 Stären am Crashtest. Den i30N ass och gutt verschafft a serieméisseg mat allem fir dat anerer deier Supplémenten verlaangen. Just ouni grousse visuellem Pepp.

Akustesch kann ee sech dogéint hëllefen. Et ass pubertär, ech weess! Mä den i30N kann och diskret a confortabel, wann ee just midd ass a keng Loscht huet ze spillen. Am Menü ginn et vill a wierksam Méiglechkeete fir de Charakter individuell unzepassen. Vu Confort op Sport spiert een däitsch wéi de Motor d’Muskele spaant an de Chassis d’Messere schläift.

Elo kinnt ee mengen, dass wann e bësse besser wär, dass vill nach besser wier. Mä am Alldag klappt dat eigentlech net. Sport+ ass eng Affaire fir Circuiten a Rallyespécialen. Net fir naass Landstroossen.

Vir gedriwwen, 275 Päerd, Wanterpneuen a Sintflut. Dat kléngt wéi den Ufank vun engem besonnesch interessante Constat. Oder eng Demo firwat een sech de Performance-Pack onbedéngt sollt leeschten. Deen dopt d’Leeschtung vun 250 op 275. Wat homeopathesch dräi Zéngtel vun 0 op 100 bréngt. Méi wichteg si besser Bremsen a virun allem e Spärdifferential, wat den Auto verwandelt. 3’000 extra wuel, mä all Cent wäert.

D’Ënnersteiere kënnt wuel. Mä spéit an ni abrupt. Déi elektronesch Assistente gräifen net an wéi e Spillverdierwer mä wéi e gudde Frënd, deen in extremis e Sécherheetsnetzt ouni Moralpriedegt offréiert. Hei goufe bewosst e puer irrelevant Zéngtel geaffert fir dass de Chauffer Spaass a Vertraue kann hunn. An déi Rechnung geet op, esouguer wann een alles ausschalt. Alles perfekt? Net ganz! Mir musse bei Automag-Tournagen dacks d’Kéier maachen, a beim Manövréieren huet den i30N de Wendekrees vun engem Supertanker.

Wa mir hei scho praktesch ginn: Ënnert 10 Liter op 100 ass gutt méiglech, 15 awer och kee Problem, wa grad keen nokuckt. D’Päerd wëlle gefiddert ginn. 

Finanziell geet et e Basis-i30N bei 29’000 Euro un, 32’000 Euro fir déi extraschaarf Versioun am Test. Et gi Konkurrenten, déi hu méi Power an deelweis Allrad. Déi sinn natierlech méi deier. Et ginn och Konkurrenten, déi hu manner Power. A sinn trotzdem méi deier.

Mä dat ass hei net de Punkt. En i30N keeft een net, well een sech d’Konkurrenz net leeschte kann, mä well en een iwwerzeegende  Mix vu Qualitéite bitt. An dat ass deen éischte sportlechen Hyundai, op deen dëse Saz zoutrëfft.

Hyundai i30N (20.04.2018)
De Hyundai i30 ass éischter e méi braven Auto. Mä mam i30N ginn elo d'GTIen an d'STen an d'Viséier geholl. De Pascal Becker huet de Korea-Sportler getest.