OfgasskandalRazziae a verschiddene Büroe vu Porsche

Am Zesummenhang mam Ofgasskandal duerchsichen Ermëttler d'Büroe vun der VW-Duerschter. Porsche huet matgedeelt, datt si mat den Ermëttler kooperéieren.

Aarbechter am Wierk vu Porsche zu Stuttgart© AFP (Archiv)
Am Fokus vun der Ermëttler, déi a Baden-Württemberg an a Bayern aktiv sinn, sti verschidde Mataarbechter vun der Porsche AG, déi wéinst Bedruch a strofbare Reklammen am Verdacht stinn, wéi et vum Parquet vu Stuttgart heescht.

D'Autoritéite schwätze vun dräi Verdächtegen, een dovunner wier Member vum Virstand vu Porsche. Wéi et vun der Firma heescht, wieren Ënnerlage saiséiert ginn a souwuel Porsche, wéi och Audi, géife mat den Ermëttler kooperéieren. Och Audi ass dobäi am Fokus, well dës VW-Duerschter Porsche mat décke Sechszylinder-Diesel-Motore beliwwer huet.