Accidenter op der StroossBei den déidlechen ass an 30 bis 40 Prozent e Bam am Spill

D'Zuel vun den Doudesfäll bei engem Autosaccident no engem Impakt mat engem Bam ass an deene leschte 4 Joer awer erofgaangen.

Déidlech war dësen Accident den 8. Mäerz op der N12 tëscht Bur an Dondel.© Domingos Oliveira
Esou steet et an engem Schreiwes vum Etienne Schneider, Minister fir bannenzegt Sécherheet, a François Bausch, Infrastrukturminister. Et ass eng Äntwert op eng Parlamentaresch Fro vum bloen Deputéierten André Bauler.

Accidenter mat Beem: Rep. Anne-Sophie Heck



Ëmmer nees gëtt iwwer d'Bam-Alleeën diskutéiert, wéi ee se séchere soll oder ob se solle ganz ewechkommen.

Firwat ginn iwwerhaapt nei Beem laanscht d'Stroosse geplanzt? Dat wollt den Deputéierten André Bauler wëssen. Dem Naturschutzgesetz vun 2004 no missten all d'Beem, déi laanscht d'Strooss ofgeholzt ginn, ersat ginn, heescht et an der Äntwert. Als Kompensatiounsmesure goufen uechtert d'Land an de Saisonen 2017/2018 ronn 850 Beem geplanzt. Dat wieren awer all d'Beem, also déi laanscht d'Stroossen an och an de Wunngebidder oder op de Parkingen.

D'Ministeren ënnersträichen och, datt déi beschtméiglech Sécherheetsmesurë géife geholl ginn, wann nei Beem verplanzt ginn. Dozou géifen ënnert anerem Leitplanken an eng adequat Distanz tëscht Bam a Strooss gehéieren. Op geféierleche Plaze géif och op nei Beem verzicht ginn.

Weider heescht et, datt et vun 2014 bis 2017 all Joer iwwer 900 Accidenter mat op d'mannst engem Blesséierte gouf.

D'Zuel vun den déidlechen Accidenter wier erofgaangen, an dat vun 31 op 25. Dovunner maachen Doudesfäll no enger Kollisioun mat engem Bam ronn 30 bis 40% aus. Déi wieren och erofgaangen, vun 12 am Joer 2014 op 7 Accidenter zejoert, sou eng Statistik vun der Statec.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.