New YorkDe Central Park gëtt komplett autofräi

De Central Park zu New York gëtt total autofräi. De 27. Juni trëtt de Fuerverbuet a Kraaft, pénktlech fir d'Summersaison.

© AFP
Den Norde vum riisege Park ass scho méi laang fir den Autotraffic gespaart, op 3 Stroossen am Süden hunn d'Autoen awer nach duerfe fueren. Domadder ass dann elo Schluss.

De Central Park wär fir d'Mënschen net fir d'Autoen, seet den New Yorker Buergermeeschter Bill de Blasio. Iwwert ee Joerhonnert laang wär en Deel vum Park als Autobunn mëssbraucht ginn. Dat géif een elo fir déi Millioune vu Visiteure réckgängeg maachen.

[commments]