1,6 Milliounen nei AutoenZuel vun Immatrikulatiounen an der EU massiv an d'Luucht gaangen

Am Juni si bal 1,6 Milliounen nei Autoe verkaf ginn, 5,2% méi wéi am Mee. Dat huet déi europäesch Federatioun um Dënschdeg de Moien zu Bréissel matgedeelt.

An den éischte 6 Méint goufe sou vill nei Autoe wéi nach ni an Europa registréiert: 8,45 Milliounen. Dat ass neie Rekord. Virun allem VW huet profitéiert. Besonnesch a Spuenien, Frankräich an an Däitschland goufen nees méi Persouneween verkaf.

Hei am Land ass d'Vente respektiv d'Umelle vun neien Autoen och massiv eropgaangen

5'627 nei Umeldunge goufen et am Juni, iwwer 8% méi wéi virun engem Joer. An den éischte 6 Méint vun dësem Joer waren et iwwer 30'600 Umeldungen, dat si bal 6% méi wéi am selwechten Zäitraum e Joer virdrun.