VIDEO-ReportageTrafic Master "CITA"

Woufir ass de CITA zoustänneg? Wéi gesäit dës Aarbecht an der Zentral aus? Mir hunn hannert d'Kulisse vum CITA gekuckt!

Trafic Master CITA (18.09.2018)
Woufir ass de CITA zoustänneg? Wéi gesäit des Aarbecht an der Zentral aus? Mir hunn hannert d'Kulisse vum CITA gekuckt!
Si bréngt eis séier vun A op B. Oder si kascht eis de leschten Nerv: D’Autobunnen. Wann een hei wéinst engem Accident oder engem Chantier am Stau stécht, kann een emol den Iwwerbléck verléieren. Ee Service behält awer alles am Aen a suergt fir déi richteg Mesuren: De Contrôle et information du Trafic sur les autoroutes, kuerz CITA.

Eis Autobunnen - Am Schnëtt kënnt et hei fënnefmol den Dag zu Accidenter. An zu 2.000 Chantieren am Joer. Situatiounen, wou verschidde Servicer séier op der Plaz musse sinn a wou een als Chauffer gäre wësse well, wou een drun ass, op wat een oppasse muss a wéi een ze fueren huet.

Mir sinn am CITA zu Bartreng. De Service gouf virun 20 Joer gegrënnt, fir eng besser Gestioun vun den Autobunne mat Hëllef vun Trafic-Kameraen ze erméiglechen. De Steve Machado ass Chef de Service vum CITA a weist eis d’Aarbechtsplaz vun den Operateuren. An engem grousse Raum kënnen d'Mataarbechter de Verkéier per Computer steieren. An och zum Beispill de Message op de Schëlter op der Autobunn.

© RTL Télé Lëtzebuerg

De CITA steet am enke Kontakt mat senge Leit op der Autobunn, der Police a mat de Rettungsdéngschter. Sou kann am Fall vun enger Behënnerung séier reagéiert ginn. Fir d‘Leit, déi ënnerwee sinn, um Lafenden ze halen, tauscht een och Informatioune mam Automobile Club aus. Deen huet praktescherweis e klenge Radios-Studio direkt nieft den Operateuren.

Mëttlerweil ass zwee Drëttel vun der Aarbecht vum CITA d’Tunnelsiwwerwaachung. Bal d’Halschent vun de 500 Autobunns-Kameraen zu Lëtzebuerg sinn an Tunnellen opgeriicht. De CITA probéiert, bei Deviatiounen d’Nationalstroosse sou mann wéi méiglech ze belaaschten.

Wann an Tunnelle geschafft gëtt ass dat allerdéngs net méiglech, well wann do eng Spur gespaart ass, kann net op der anerer gefuer ginn. Dëst wär ze geféierlech an dofir misst dann de kompletten Tunnel gespaart ginn, sou de Paul Mangen, Directeur Adjoint vun de Ponts et Chaussées. Dofir gëtt an den Tunnellen nuets geschafft. Bis 6 Auer moies muss dann alles erëm ofgeriicht sinn. Wann net grad staarken Niwwel d’Vue blockéiert. Dat war schonn de Fall. Ma och fir aner Chantieren op den Autobunne bleiwen duerch Wanterdéngscht a Congé Collectif net vill Zäit. An der Moyenne just 15 Weekender am Joer. Et ass alles eng Fro vun Organisatioun a Preparatioun.

De CITA ass och zoustänneg fir Vitesse- a Sécherheetshiweiser op de sougenannte Portiquen. Dat funktionéiert mat nëmmen e puer Klicken um Computer.

E puer speziell Kamerae ginn eréischt un, wa se ee Stau am Bild erkennen. Archivéiert ginn déi ganz Opnamen awer net. Dat bréicht enorm vill Späicherplaz. An ass och net Sënn an Zweck vum CITA. Schliisslech gëtt hei den aktuelle Verkéier iwwerwaacht – an net de Bierger. Wien awer als Operateur am CITA schafft, gewënnt mat der Zäit e gutt Gefill fir den Trafic op den Autobunnen.

Wa sech de Verkéier also déi nächste kéier wéinst engem Accident oder engem Chantier schleeft, kann een op d’mannst berouegt sinn, dass d’Operateuren am CITA hiert Bescht ginn. Si kënnen zwar net ëmmer dofir suergen, dass mir séier vun A op B kommen. Mä ganz bestëmmt sécher an informéiert.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.