RTL Automag op der Tele: Cadillac SRX an Autoworld

D'Autonews hei um Internet maachen eng kuerz Krëschtpaus. Den 30. Dezember ass den RTL Automag op der Tele awer matt engem gutt gepaakte Programm erëm do.

Am groussen Test hu mär eis de Wiederconditiounen ugepasst. De Pascal Becker huet sech näämlech mam Cadillac SRX, engem SUV made in USA, amëséiert. Fir de grousse Reportage geet et an d'Autoworld, e groussen Autosmusée zu Bréissel.

Donieft verréit de Frank Maas vum ACL wéi ee matt senger Batterie gutt iwwert de Wanter kéint. Kuerz iert de Rallye Paris-Dakar op d'Rees geschéckt gëtt, kucke mär wéi VW sech op dëse Wüstemarathon preparéiert huet.