BMW M6: 500-PS-Coupé

Den M5 ass nach net um Maart, do annoncéiert BMW elo schonn den M6. De Sportcoupé kritt dee selwechte Motor wéi den M5, dat heescht en 5-Liter-V10 matt 507 Päerd, 520 Newtonmeter an Dréizuele bis 8250 Touren. D'Leeschtung gëtt via 7-Gang-SMG-Boîte op d'Strooss bruecht.

BMW wëllt hei de Spagat tëschent 2-sëtzege Sportsautoen (Genre Porsche) an engem 4-sëtzege Coupé hikréien. Op d'mannst d'Biller si schonn opreegend genuch. No 4.6 Sekonne passéiert d'Nol Tempo 100, bei 14 Sekonnen ass Tempo 200 erreecht. Theoretesch wieren 330km/h méiglech, mee den M6 ass vu Wierk aus bei 250km/h limitéiert.

Well de 6er BMW méi niddereg wéi de 5er ass, wier den M6 nach méi dynamesch ze fuere wéi den M5. Fir de Schwéierpunkt nach méi niddereg ze kréien, ass den Daach vum M6 esouguer aus Carbon.

De Präis vun dësem Dramauto ass nach net bekannt. „Kloer 6-stelleg“ gëtt awer e BMW-Spriecher zitéiert...