RTL Automag op der Tele: Citroën C4 a Golf GTI

Mam C4 huet Citroën definitiv erëm zeréck bei en innovativen Design fonnt. Mee wat kann den C4 nach - ausser kultverdächteg auszegesinn? De Pascal Becker huet et getest, an zwar d'Versioun matt de 5 Dieren an dem 2-Liter-HDi-Motor. D'Resultat vum Autotest gëtt et den Owend am RTL Automag op der Tele.

De GTI ass scho Kult - dëser Deeg kéint de Golf V an der GTI-Versioun eraus. Mär hun d'RTL-Archive geplëmmt fir al Biller vun den éischten GTI-Modeller ze fannen... Zu gudder läscht kommen am ‚Nei zu Lëtzebuerg' kommen zwee Breaken zu éieren: den Opel Astra Break an den Daewoo Nubira Stationwagon.