EuroRacingShow: Vum 10 bis 12. Dezember

dëse Weekend hunn d'Frënn vum Autosport hire grousse Rendez-vous um Kierchbierg an de Foires-Halen. Bei der 7ter Editioun vun der Euro-Racing-Show dréint sech alles ronderëm Ferrari. 7 verschidde Formel-1-Autoen an eng Dosen aner Rennautoe vun der Scuderia sinn dëse Weekend op der Luxexpo ausgestallt.

Elo huet Organisateur PolePosition nach wieder interessant Autoen ugekënnegt. Esou gëtt net nëmmen den neie Ford Mustang ausgestallt, mee och de Ford GT40. Corvette a Cadillac kommen direkt matt 5 Autoen, dorënner déi nei décapotabel Corvette C6 an déi Corvette, déi zu LeMans hier Klass gewonnen huet. A wien u richteg grousse Rennmaschinnen interesséiert ass, kéint och op seng Käschten. Um Stand vum ACL ass dee Renn-Camion ausgestallt, matt deem MAN den europäeschen Truck Racing Cup gewonnen huet.

D'Euro-Racing-Show fänkt e Freideg de Mëtteg un an dauert bis e Sonndeg matt:

Freides vun 13h bis 20h

Samschdes vun 10h bis 20h

Sonndes vun 10h bis 20h

Den Entrée kascht 13 Euro, fir Jugendlecher 10 Euro. Matt deem selwechten Entrée-Ticket kann ee sech och d'Top-Tuning-Show ukucken, do wou extrem getunten Autoen ausgestallt ginn.