C1 & 107 & Aygo : franséisch-japanesche Mini-Trio

De PSA-Grupp (Peugeot/Citroën) an Toyota hunn zesummen e klengen Auto entwéckelt.Ënnert der Karosserie stécht bei deenen dräi Autoen - Citroën C1, Peugeot 107 an Toyota Aygo - identesch Technik. Och d'Karosserieformen ass bei allen dräi plus ou moins d'selwecht ausgefall. Matt klengen Detailer wéi Luuchten oder Kühlergrill soll jidder Modell awer eng eegestänneg Identitéit verpasst kréien.

Déi dräi Autoe sinn alleguer 3m40 laang, 1m60 breet an 1m40 héich. Als Motor gëtt en 1-Liter-Bensinner respektiv en 1400er Turbodiesel proposéiert D'Autoen hu véier Plazen a véier Dieren.

Ganz offiziell presentéiert ginn C1, 107 an Aygo am Fréijoer 2005 um Autosalon vu Genève. Eréischt da ginn et och weider Detailer wéi Präisser an Équipementer. Gebaut gëtt de franséisch-japanesche Mini-Trio am tschechesche Kolín.