Essen Motorshow vum 26. November bis 5. Dezember

‚Formel Fun' - ënnert deem Slogan steet déi 37. Editioun vun der Essen Motorshow. Um zweetgréissten däitschen Autosalon dominéiere wéi gewinnt Motorsport an Tuning. Op iwwert 100'000 m² presentéieren d'Autosmarken virop hier sportlech Modeller an hier Rennautoen, während déi sëllegen Tuner weisen, wat alles a Saachen Optik a Leeschtung méiglech ass. D'lescht Joer hu sech iwwert 400'000 Visiteuren dee Spektakel an den Essener Foireshalen ugekuckt.

D'Essen Motorshow dauert vum 26. November bis den 5. Dezember. D'Ouvertüreszäite sinn an der Woch vun 10 bis 18 Auer, de Weekend vun 9 bis 18 Auer. Den Entrée kascht 16 Euro, Kanner a Studente bezuelen 11 Euro.