Problemer mat WLTP-ProzedurVerschiddene Neiween kënnen net ugemellt ginn, Léisung gouf fonnt

Eng Iwwergangsléisung fir déi betraffe Leit gouf fonnt, d'Ween kënne provisoresch ugemellt ginn. Dat ass awer mat zousätzleche Käschte verbonnen.

© AFP

Eng ganz Rei Leit hunn den Ament e Problem: hiren neien Auto kann nämlech net ugemellt ginn. Hannergrond ass déi nei Prozedur WLTP, fir de Verbrauch vun Autoen ze moossen.

Och wann d'Changementer bei der Autossteier eréischt méi spéit spillen, sou däerfen awer elo zënter dem 1. September och zu Lëtzebuerg just nach Gefierer immatrikuléiert ginn, bei deenen den Typ déi nei Prozedur duerchlaf huet.

Bei Neiween, déi nach net ugemellt sinn an nach via déi al Prozedur homologéiert goufen, gëtt déi gro a giel Kaart deemno refuséiert. D'EU-Memberstaaten hunn awer eng Méiglechkeet, fir dës Autoen trotzdeem unzemellen, heescht et aus dem Nohaltegkeetsministère.

D'Constructeure musse Lëschten eraginn, déi gi gepréift a mussen dann de Feu Vert vun den zoustännegen Autoritéite kréien. D'Zuel vun de Ween, déi däerfen zougelooss ginn, ass awer limitéiert an d'Berechnunge kaschte vill Zäit, well op Donnéeën huet musse gewaart ginn.  

Well awer vill Leit den Ament net wëssen, wéi et weidergeet, gouf e Mëttwoch de Mëtteg no enger Iwwergangsléisung gesicht an déi gouf och fonnt.

Vun en Donneschdeg u kënnen déi betraffe Gefierer provisoresch ugemellt ginn, de richtegen Immatrikulatiouns-Zertifikat kréien d'Besëtzer da méi spéit nogeschéckt, nodeems déi néideg administrativ Demarchen ofgeschloss sinn. 

WLTP-Umeldungen / Reportage Pit Everling



Zousätzlech Käschten
Op Basis vum Reportage op RTL Radio Lëtzebuerg ass dann um Donneschdeg de Moien e Garagist vu Capellen op d'Kontrollstatioun gefuer, fir deen da provisoresch unzemellen. Deen huet dunn net schlecht gestaunt, wou e matgedeelt krut, dass 126 € zousätzlech ze bezuele sinn... fir "frais de dossier".

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.