Geriicht huet decidéiertFrankfurt muss verschidden Diesele-Autoen a Bensinner "ausspären"

Wien an Zukunft mam Auto op Frankfurt am Main fiert, muss oppassen, ob hien iwwerhaapt mat sengem Won nach an d'Stad kënnt.

© AFP
Well d'Stéckoxide reegelméisseg an der Stad ze héich sinn, huet d'Verwaltungsgeriicht zu Wiesbaden elo decidéiert, datt Frankfurt am Main an Zukunft seng Stroosse fir verschidde Bensinner an Diesele muss spären. Geklot hat iwwregens déi däitsch Ëmwelthëllef (DUH).

D'Decisioun vum Geriicht gëllt vum 1. Februar u fir all Dieselauto vun der Klass Euro 4 oder drënner, respektiv fir Bensinner vun der Klass 1 an 2. Vum 1. September u gëllt d'Reegel dann och fir d'Diesele vun der Klass Euro 5.

Déi Responsabel vun der Stad hu sech enttäuscht gewisen, well elo d'Bierger gestrooft ginn, fir dat, wat d'Auto-Industrie déi lescht Jore schlecht oder guer net ëmgesat huet. Weider huet et geheescht, datt ee sech elo finanziell Ënnerstëtzung vum Bundesland Hessen awer och vun der Bundesregierung géif erwaarden, well elo zwee Drëttel vun den 340 Busser an der Stad missten nogerëscht ginn.

Aktuell ginn et esou Verbuet ënner anerem an de Groussstied Stuttgart an Hamburg. Aner Stied, wéi Düsseldorf oder Berlin, probéieren mat anere Moossnamen en Diesel-Fuerverbuet z'ëmgoen.