VolkswagenD'Produktioun vum VW Beetle gëtt 2019 gestoppt

Et war den Nofolger vum VW Käfer, elo ass et och d'Enn vun der Ära "Beetle". De leschten Beetle soll am Juli 2019 vum Produktiounsband lafen.

Aktuell gëtt de VW Beetle just nach am mexikanesche Puebla gebaut.
De Chef vu Volkswagen Amerika, Hinrich Woebcken, huet net komplett ausgeschloss, dass de Beetle iergendwann nees géint gebaut ginn. Et géifen zwar keng Pläng dofir ginn, mä et sollt een "nimools ni" soen.

De VW Käfer gouf bis 2003 nach a Mexiko gebaut... den "New Beetle" gouf da scho vun 1997 produzéiert. 2019 ass da viraussiichtlech Schluss.