Bréissel a ParäisEuropäeschen Dag ouni Auto virgeschloen

An den zwou Stied gëtt et d'Konzept scho méi laang, elo maache sech d'Buergermeeschteren vu Bréissel a Paräis fir en europäeschen Dag ouni Auto staark.

Déi zwou europäesch Haaptstied sinn e Sonndeg, 16. September "autofräi".

An engem Communiqué vum Philippe Close, Bréissel, an Anne Hildago, Paräis, heescht et, et misst ee wéinst der Klima-Urgence an dem Impakt op d'Gesondheet duerch d'Verknaschtung a ganz Europa aktiv ginn.

Den zwee Buergermeeschteren no kéint ee sech un de "Journées européeens du Patrimoine" inspiréieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.