OfgasskandalEnquêten iwwer méiglech Auto-Kartellofsprooche gi verschäerft

Et soll gekuckt ginn, ob BMW, Daimler a VW sech bei der Entwécklung an der Aféierung vu wichtegen Technologien ofgeschwat hunn.

Dëst fir d'Emissioune bei den Autoen ze drécken.

D'EU-Kommissioun huet en Dënschdeg de Moien annoncéiert, d'Enquêten iwwer méiglech Auto-Kartellofsproochen ze verschäerfen. Hannergrond ass d'Ofgasaffär an de Sträit iwwert d'Diesel-Emissiounen.