SNCTZu Léiweng gouf déi nei Kontrollstatioun ageweit

Zu Léiweng gouf en Dënschdeg de Mëtteg eng nei SNCT-Kontrollstation ageweit, dës ass exklusiv fir schwéier Gefierer.

© Pit Everling (RTL)

Op zwou Piste kënne pro Dag 100 Camionen, Bussen oder ähnlech Gefierer kontrolléiert ginn. 5 Inspektere sollen do schaffen.

Dës nei Statioun direkt nieft der Diddelenger Autobunn schreift sech an, an déi nei Dezentraliséiers-Strategie vun der SNCT.

Den neie Standuert ass reservéiert fir déi méi schwéier Gefierer, seet d'Josiane Pauly, Presidentin vun der Société Nationale de Contrôle Technique.

D'Josiane Pauly, d'Presidentin vun der SNCT

D'Zil vum Standuert Léiweng wier et, fir d'Sitte Sandweiler an Esch ze entlaaschten. Do sollen an Zukunft keng Camionen a Busser méi passéieren, heescht et nach vun der Société nationale de contrôle technique.

De Choix wier op de Site Léiweng gefall, well d'Accessibilitéit gutt ass. Déi nei Installatioune leien direkt nieft der Autobunn A3, wann ee vu Léiweng erfort a Richtung Beetebuerg fiert.

Nei Sitten

Wëlwerwolz fält ganz ewech, zënter Joerzéngten ass gewosst, datt d'Accessibilitéit do net déi Bescht ass, elo ginn also Konsequenze gezunn. Zu Maarnech an der Industriezon nieft der N7 entsteet en neie Site. Da wëll d'SNCT och zu Jonglënster eng Kontrollstatioun opmaachen, confirméiert d'Josiane Pauly

Och op anere Plazen am Land gëtt no Standuerter gesicht, ma do wier et ze fréi fir d'Pläng ze verroden, ëmmerhin huet d'SNCT jo zënter enger Zäit e Konkurrent. Konkurrenz géing d'Geschäft beliewen, esou nach d'Josiane Pauly, d'SNCT wier op alle Fall nach ëmmer den Haaptacteur am Domaine.

D'SNCA, d'Société nationale de circulation automobile mécht jo zu Wëlwerwolz och hir Dieren zou. Et gëtt no engem neie Site am Norden gesicht. Et lafe Gespréicher fir nei Installatiounen zu Housen opzemaachen, bis ewell kéint dat awer net confirméiert ginn, heescht et op Nofro hin.

D'SNCH, d'Société nationale de certification et d'homologation ass Proprietaire vun der Statioun zu Wëlwerwolz. Do wier een net ofgeneigt fir en Immobilieprojet op deem Site ze realiséieren. Eng Iddi déi d'Gemeng Kiischpelt jo och schonn an d'Spill bruecht hat.   



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.