Virum 1. SeptemberVill Autoe verkaf, kuerz virun den neien WLTP-Ofgastester

Duerch d'Ëmstellung op den neie System bei den Ofgastester, ass d'Zuel vun neien Immatrikulatiounen bei den Autoen a ganz Europa däitlech geklommen.

Wéi d'europäesch Federatioun vun den Autosproduzenten Acea um Mëttwoch zu Bréissel matgedeelt huet, wier den europäeschen Autosmarché am August ëm méi wéi 30 Prozent par Rapport zum Mount virdru gewuess. Am Juli war et eng Hausse vun 10,5 Prozent.

An den éischten 8 Méint vum Joer goufen 10,8 Milliounen nei Autoen ugemellt. Eleng am August war et 1,1 Milliounen Autoen. Experte ginn dovunner aus, datt d'Zuelen an noer Zukunft awer nees zeréckginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.