Géint d'Vitess op eise StroossenNei Campagne vum Nohaltegkeetsministère gouf presentéiert
De Nohaltegkeetsministère lancéiert zesumme mat der AVR an der Securité routière eng nei Sensibiliséierungs-Campagne géint d'Vitesse op eise Stroossen.
Vum Joël Detaille (Radio), DW (RTL.lu)
Géint d'Vitess op eise Stroossen (27.09.2018)
De Nohaltegkeetsministère lancéiert zesumme mat der AVR an der Securité routière eng nei Sensibiliséierungs-Campagne géint d'Vitesse op eise Stroossen."Och e Liewen wat net eriwwer ass, kann zerstéiert ginn", dat ass d'Approche, mat där op eng emotional Aart-a-Weis sensibiliséiert soll ginn, op Affichen, grad wéi Spotten am Kino an op der Télé.
D'Videocampagne vun der AVR (27.09.2018)
De Nohaltegkeetsministère lancéiert zesumme mat der AVR an der Securité routière eng nei Sensibiliséierungs-Campagne géint d'Vitesse op eise Stroossen.
Ee vun e Protagonisten aus der Campagne ass d'Carine Nickels, déi selwer Affer vun engem ganz uergen Autosaccident viru 6 Joer war, an haut un de Rollstull gebonnen ass. D'Carine Nickels souz hannen am Auto, wéi dësen riicht an e Bam gaangen ass.
D'Carine Nickels |
Zënter deem ass si geläämt vun der Broscht un. Elo ass si ugewisen op aner Leit, fir d'Liewen ze meeschteren. D'Stroossesécherheet läit dem Carine Nickels zënter hir besonnesch um Häerz a mécht drop opmierksam, dass jidderengem esou en Ongléck kéint passéieren.
Offiziell Affichen
D'Campagne ass och op Affichen an der geschriwwener Press ze gesinn an op grousse Panneauen laanscht d'Stroossen, an leeft iwwert 2 Méint ...
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.