OldtimerenBMW-Musée op Besuch zu Esch

Fir d'Ouverture vun enger neier Konzessioun hunn déi bayeresch Bijouen op Rieder en Ausfluch an de Grand-Duché ënnerholl.

Oldtimer ginn ëmmer méi beléift. Net nëmme bei private Sammler, déi sech e Stéck Jugenderënnerung oder eng attraktiv Kapitalanlag kafe wëllen. Och d'Autosmarke selwer sammelen hir eege Modeller. BMW zum Beispill. An e ganz klengen Deel vun där Sammlung ass fir e puer Deeg zu Lëtzebuerg.

De Serge Pauly war en Donneschdeg de Moien derbäi, wéi d'Autoe fir d'Ouverture vun enger neier Konzessioun geliwwert goufen.

De BMW-Musée op Besuch zu Esch (27.09.2018)
Fir d'Ouverture vun enger neier Konzessioun waren d'Oldtimer aus Bayern an de Grand-Duché komm.


Nach bis e Samschdeg mat kann ee sech dës Ausstellung zu Esch am Garage Muzzolini ukucken. A wien op de Goût kënnt - och en Ofstiecher an de grousse Musée zu München rentéiert sech.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.