MobilitéitElektroautoe verkafe sech am beschten a China

Déi weltwäit Nofro no Elektroautoen a Plug-In-Hybriden ass d'lescht Joer op 2,1 Milliounen an d'Luucht gaangen.

Dat huet eng aktuell Etüd vum Auto-Institut zu Bergisch Gladbach erginn.

Et gëtt festgehalen, dass de Maartundeel bei 2,4 Prozent vun all den neien Immatrikulatioune louch. Fir dëst Joer rechnen déi Responsabel vum Institut mat engem weideren Zouwuess bei de Venten op 2,7 Milliounen Elektroautoen.

China huet weiderhin d'Nues vir. Wéi et heescht, géif d'Volleksrepublik China 60% vun der weltwäiter Nofro ausmaachen. Gutt eng Millioun Elektroautoen an iwwer 200.000 Hybrid-Autoen goufen d'lescht Joer do verkaf. An den USA ass d'Zuel vun de Venten op ronn 360.000 Ween geklommen. Virun allem den neien Tesla wier den Ausléiser fir des Entwécklung gewiescht, heescht et an der Etüd. An Europa ass Norwegen mat 73.000 verkaaften Elektroautoen dee wichtegste Marché.