Autotest vum 21. September 2017AlfaRomeo Stelvio

AlfaRomeo setzt grouss Hoffnungen an hiren éischten SUV. De Pascal Becker huet getest, op de Stelvio wierklech d'Potential zu engem Bestseller huet.

Dir erënnert Iech vläicht un déi Szen an der Bibel, wou de Moses d’Waasser spléckt fir säi Vollek an dat gelueftent Land ze féieren? Bon, d’Attert ass net dat Rout Mier, mä och de Stelvio huet eng Rettungsmissioun: d’Alfa-Vollek erëm an déi gelueften Héichte vun der Verkafsstatistik ze féieren. No Joeren an der Wüst.

A propos Wüst: Esouwäit mir wëssen, huet de Moses et duerch de Sinai gepackt ouni SUV mat eeschthaftem Offroad-Geschir wéi Redukter an Differentialspär. An och Alfa verzicht hei souzesoen op déck Gummisstiwwelen. De Stelvio baséiert näämlech um Giulia, en talentéierste Stroossendänzer, wat dann undeit wou d’Missioun hiféiert: Asphalt, mä gäre bei all Wieder.

Déi éischt Qualitéit: de Stelvio ass bannen dréchen, et huet ee genuch Plaz an och d’Finitioun ass net schlecht, mat engem besonnesche Bonos fir déi grouss Aluminiumsschaltpaddelen, déi direkt aus engem Maserati oder Ferrari kinnte kommen.

Designméisseg kënnt hei villes vum Giulia, mä et ass besser verschafft. An Zäite wou Autos-Bildschiermer scho bal Imax-Format unhuelen, ass den Infotainment hei awer definitiv eng oder zwou Generatiounen zeréck. Mä den net ganz groussen Écran mécht alles wat ee wierklech brauch.

D’Raumgefill an d’Cargokapazitéit sinn op Aenhéicht mat Konkurrente wéi Q5, X3 oder GLC. Premium-Bling ass dogéint ass dogéint net deen Terrain, wou den Alfa déi däitsch Premiumkonkurrenz kann oder wëllt erausfuerderen. Den Numm ass hei Programm.

De Stelvio-Pass huet 75 Spatzkéieren. Den nootste Cousin, deen ech am Eisléck konnt fannen, ass d’Strooss vu Kautebach op Alschent. Gutt genuch fir erauszefannen, op den Alfa a Kéieren och sportlech kann. An engem Wuert: gelongen! Hei spiert een d’Gene vum Giulia-Chassis. Eng ultradirekt Lenkung, en Differential wat déi meescht Leeschtung un déi hënnescht Rieder schéckt. Ënner SUV’en ass de Stelvio ee vun de sportlechsten, net wäit vum Porsche Macan.

280 Päerd an 8 automatesch Gäng schaffen effizient zesumme fir bal 1,7 Tonnen op Trapp ze halen. D’Fuerleeschtunge si gutt. Awer akustesch huet de Véierzylinder de Charme vun enger Buermaschinn. Bel Canto ass anescht.

A fir eemol méi an d’Diesel-Bensinn-Debatt anzegräifen. Bensinner si vläicht méi clean awer duuschtereg. Manner NOx, méi CO2. 12 Liter sollt ee schonn aplangen. Oder Yogacoursen buchen.

Ëmmerhinn trëfft et keen aarmen. Bei de Präisser ass Alfa selbstbewosst. Antrëtt mat Diesel a 45’400 Euro. Eisen Testauto loung mat Optioune bei iwwer 54’000 Euro. Bei de Verkafszuelen ass et e bësse wéi bei Reliounen. Et muss een dru gleewen!

AlfaRomeo Stelvio (21.09.2017)
AlfaRomeo setzt grouss Hoffnungen an hiren éischten SUV. De Pascal Becker huet getest, op de Stelvio wierklech d'Potential zu engem Bestseller huet.