BMW 3er Touring

BMW huet sech bei sech selwer inspiréiert. D'Ähnlechkeet ass esou grouss, dass de Pascal Becker sech freet, op den neien 3er net e 5er am gréngen ass...

Et ass net aleng eng Affaire vu Corporate Identity, vu Familljendesign, mä villméi eng Fro vu Philosophie. Bis elo stoung beim 3er ëmmer d’Dynamik uewen op der Prioritéitslëscht, Raum a Confort hu sech deem ënnerworf.

Den neien 3er Touring ass néng Zentimeter méi laang ginn. An d’Raumgefill kann een elo mat generéis an all Richtung beschreiwen. Wien Confort mat räichhaltegem Équipement gläichsetzt, kann hei ganz glécklech ginn, esoulaang de Portemonni den Ausfluch duerch d’Optiounslëscht matmécht.

De Bannendesign inspiréiert sech staark um 5er, wat kee Feeler ass. Besonnesch de groussen Navi-Schierm gefält an un den iDrive hu mir eis längst gewinnt.

Vun der Finitioun kann een zwou Saache soen. Si ass am allgemenge Premium a kennt awer net ganz un de Moossstaf vum Klassebeschten erun. Audi baut bannen eng Grëtz besser. De Cupholder an der zweeter Rei huet en iwwerflëssege Klappmechanismus an ass aus esou bëllegem Plastik dass e bei Lada duerchgefall wier. Esou eppes passt hei net eran.

A propos erapassen. Den Touring huet nach ëmmer d’Heckscheif, déi separat eropklappt. Am Alldag ass dat wierklech praktesch. Vill méi praktesch wéi déi elektresch Heckklapp, déi wéi ëmmer vill ze lues ass. Et passt Etleches hei dran. Den neien Touring schléckt kloer méi wéi deen alen. Woubäi een do méi un e Karbons-Mountainbike denkt wéi u stréie Botten. Esou Autoen gi seelen als Laaschtiesel ugeschaaft.

Den typesche BMW-Client muss en organiséiert Liewe féieren, alles mat engem Smartphone an enger Kreditkaart maachen, well et feelt e bëssen u prakteschen Oflagen.

E BMW keeft ee gewéinlech well ee Wäert op Fuerspaass leet. Hei kennt fir d’éischt emol en Aha-Erliefnes. De Fiederungsconfort huet e Quantesprong no vir gemaach. Esou geschmeideg an esou roueg war bis elo nach keen 3er. Den Drift a Richtung Luxus bezilt ee mat engem klenge Verloscht. D’Steierrad informéiert hei net méi grad esou gefillsecht iwwer d’Stroosselag wéi beim alen. Dat sollten Hardcore-Cliente wëssen.

Den neie Kompromëss ass awer doudsécher am Alldag besser, besonnesch wann ee wéi hei un déi exzellent 8-Gang-Automatik gekoppelt ass. Fléissend-schëtzeg beherrscht den 3er perfekt. An d’Automatik ass fir 1’900 Euro wäert.

Komme mir elo bei d’Motorisatioun. 328i ass eigentlech eng Ligen well et 2,8 Liter suggéréiert. Et sinn der nëmmen zwee, op véier Zylinder verdeelt, mat Turbo gedopt. 245 Päerd, ënnerstëtzt vun engem fetten Dréimomentbierg, liwwere gutt Fuerleeschtungen. D’Fro ass wéi se et maachen. Ouni richtege Reproche, awer och ouni Charme. Wat spuert een elo duerch dësen Downsizing? Ganz gemittlech beweegt, kënnt ee mat eppes iwwer néng Liter aus. Dat klengt net schlecht. Mä en 320d moolt bei deene selwechte Vitessen eng 6 virun de Komma.

A wann een hei ofschlappt, vermësst een de fette 6-Zylinder-Sound. An da klëmmt den Duuscht och op iwwer 11 Liter. En 330d geet dogéint nach besser a verbrauch vill manner. Et muss ee scho wierklech Diesel-Allergiker si fir en 328i ze bestellen.

De fetten Diesel ass natierlech nach emol knapp 7’000 Euro méi deier. Mä en hält garantéiert de Wäert besser. A loosse mir eis näischt virmaachen. Belleg ass anzwousch anescht. De plakegsten 316d Touring läit just ënner 30’000 Euro, en 328i bei knapp 38’000. Virun Optiounen. Eisen Testauto koum op iwwer 54’000 Euro. En décke Pak Holz fir véier Zylinder.

BMW 3er Touring (29.11.2012)
BMW huet sech bei sech selwer inspiréiert. D'Ähnlechkeet ass esou grouss, dass de Pascal Becker sech freet, op den neien 3er net e 5er am gréngen ass...