Ford Ranger & Isuzu D-Max

Firwat brauch een e PickUp? De Pascal Becker an de Serge Pauly liwweren an hirem Duebeltest e puer méi ongewéinlech Äntwerten.

Joerelaang war de meescht verkaaften Auto an Amerika e PickUp! Mir Europäer dinn eis mat deenen Zwitter tëcht klengem Camion a Luxmaschinn e besse méi schwéier.

De Ford Ranger an den Isuzu D-Max sinn do fir eis bekéieren… oder och net. Dat éischt Argument ass d’Flexibilitéit. E PickUp kënnt dacks an e puer Kabinnelängten: SingleCab (Zweesëtzer mat laanger Luedfläch), ExtendedCab (mat Noutbänk) oder DoubleCab (Fënnefsëtzer).

Si stinn an de Präislëschten ënnert Utiliairen. Aarbechtspäerd also. An dach haten eis zwee Testkandidaten eng Équipementslëscht, déi sech net virun engem Mëttelklassauto verstoppe muss. Lieder a Klima kombinéieren sech hei mat héicher Sëtzpositioun an duerchaus generéisem Raungefill. Op d’mannst an der éischter Rei.

Well d’Kabinnen hanne riicht ofgeschnidde sinn, ass d’Réckbänk wéineg geneigt: den Hënneschte setzt déif, d’Knéie kommen erop. De Sëtzconfort ass do am Ranger eng Grëtz besser wéi am D-Max.

Et kann een eis zwee Kandidaten als Alternativen zu de populäre Softroader gesinn. Si bidde mat Allrad reell Offroad-Kapazitéiten. Si si perfekt fir Remorquen ze zéien. A si hunn e Macho-Image. Wat se net hunn, ass eng Premium-Finitioun.

D’Plastiker sinn haart, alles e bësse méi rustikal. En Nobau-Navi géif een engem Auto an dëser Präiskategorie iwwel huelen.

Eis zwee Testkandidate leien näämlech iwwer 30'000 Euro. Et kritt ee wuel vill Auti fir säi Geld hei, keng Diskussioun. Sofistikéiert ass natierlech e bëssen aneschters.

Blatgefiedert Starrachsen hannen, Trommelbremsen, bei allebéid. Esou eppes hätt den Henri Ford a senger Jugend modern fonnt, virun honnert Joer. Mä et funktionnéiert och nach haut, wann ee Gewiicht wëllt transportéieren.

Ennert dem Capot schaffen hei 4-Zylinder-Turbodiesel. Mat 2.5 Liter an 163 Päerd huet den D-Max e liichten Avantage iwwert dem Ranger sengen 150 aus 300 Kubik manner. De Ford kann een allerdéngs op iwwer 3-Liter an 200 Päerd oprüsten.

Och esou geet et scho gutt fuer fir iwwerall matzeschwammen, an de Geräichconfort ass iwwerraschend ziviliséiert. Just d’Wandgeräicher sinn ab 120 zimlech präsent. Béid Kandidate si laangstreckentauglech.

Eemol op méi klenge Stroosse falen aner Saachen op. De Ranger ass e bësse méi präzis, den D-Max en Hauch méi confortabel. En huet allerdéngs eng Schaltung esou ausgeleiert wéi eng pensionnéiert Hafeprostituiéiert. Esou eppes latscheges hate mir scho laang net méi am Grapp.

Allebéid hunn ESP an dat ass gutt esou, well esoubal d’Strooss fiischt a schmiereg gëtt, mécht d’Elektronik Iwwerstonnen.

E PickUp ass näämlech normalerweis just hanne gedriwwen. E bëssen zevill Gas geet duer, fir dass se allebéid mam Schwanz wackelen. Autoen an SUVen kennen dat vill besser. Mä déi hu keng grouss Luedfläch hannen.

Wien reegelméisseg doudeg Wëllschwäin an de Bësch siche geet, brauch e PickUp. Keen Zweifel. Och Besëtzer vu Motorseeen, groussen Henn a voluminéisem Hobbyspillgezei erfreeen sech un der klenger Camions-Plattform. Béid Kandidate kënne ronn eng Tonn lueden. Dat ass duebel esou vill wéi déi déckste Kombien.

E plakege PickUp schützt de Cargo awer weder viru Wieder, Dreck nach Déifstall. Dofir hunn déi meescht eng Këscht hannendrop, oder wéinstens en Deckel. Et gëtt eng ganz Industrie, déi engem erlaabt déi Plattform senge perséinleche Bedierfnisser unzepassen. Mä den europäesche Client ass do zimlech brav. An Afrika ass dee meeschtverkaaften Accessoire fir hannen op e PickUp e schwéiert Maschinnegewier.

PickUps sinn och ideal fir no enger Party d’Rechter an de Recycling ze féieren. Mä net vergiessen, dass liicht Saache gäre fortfléien.

Eemol ukomm, heescht et manövréieren. Béid Kandidate sinn iwwer 5 Meter laang, deanger mat 5m36 dee längsten. Mä et muss ee soen, dass se allebéid iwwerraschend iwwersiichtlich sinn, an och Parkradar hunn. Den D-Max huet esouguer eng Réckfuerkamera. Um Auto kann et also net leien, dass dat hei esou laang gedauert huet.

Liicht Plastikssäck si kee Problem. Mä wien schwéier Saache manipuléiert flucht iwwert d’Héicht vun der Luedfläch. En Tribut un d’Offroadkapazitéiten. Den D-Max ass dorann e bësse méi réckefrëndlech wéi de Ranger.

Allebéid stimuléieren se d’Phantasie. Déi puer Metercarré Terrasse hanne jäitzt no ëmmer neien Aufgaben. Firwat net aus Ärem PickUp deen éischte Fënnefsëtzer mat serieméisseger Toilette maachen? Bei Second-Hand-Exemplairen op Ebay sollt een allerdéngs op blann Passagéier oppassen.


Um Enn vun dësem test gëtt et fir eemol kee Gewenner. De Ford Ranger ass deen amerikaneschsten, dat ass jo och d’Heemecht vum PickUp. Den Isuzu D-Max liwwert ähnleches mat méi asiatesch-europäeschen Accenter.

Mir hunn awer erausfonnt, dass e PickUp nëmme richteg Sënn mécht, wa säi Propriétaire e Lifestyle huet, dee seng Stäerkten och ausnotzt. An do kënne mir net hellefen. Op Dir elo op d’Juegd gitt, Bernhardiner ziicht, mam Ballon flitt oder léiwer e Maschinnegewier oder eng Toilette drop sätzt, dat musst Dir scho selwer décidéieren.
Ford Ranger & Isuzu D-Max (13.12.2012)
Firwat brauch een e PickUp? De Pascal Becker an de Serge Pauly liwweren an hirem Duebeltest e puer méi ongewéinlech Äntwerten.