Autotest vum 24. Januar 2013Hyundai SantaFe

Mam SantaFe huet d'Erfollegsgeschicht vu Hyundai an Europa ugefaangen. De Pascal Becker probéiert déi neitste Generatioun vum koreanesche SUV.

De SantaFe war d’trojanescht Päerd. De Modell mat deem Hyundai fir d’éischt eng Plaz an der SUV-Nisch fonnt huet a vun do aus lues a lues d’Keefer iwwerzeegt krut, dass Korea net nëmme bëlleg an zouverlässeg mä och gutt  Autoe baue kann. Dat war 2001. An dat hei ass d’Generatioun 3.

Hyundai huet an der Tëschenzäit eng kloer Designsprooch fonnt. De SantaFe ass kanteg/modern, gutt verschafft, gutt équipéiert... a virun allem grouss. D’Raumgefill ass wierklech generéis. Et kritt een en optional als 7-Sëtzer. Eisen Exemplaire hat der nëmme 5, wat mir penibel Turnübungen erspuert.

D’Mall ass dofir grouss, mä et muss een héich hiewen an d’Sëtzer leeën sech net ganz flaach, dat kinnt besser sinn.

Marketingstechnesch ass de SantaFe e bësse flou positionéiert. Tëscht deem méi klengen ix35 an dem kaum méi groussen ix55. Mä vläicht fiert en sech jo esou schaarf wéi en ausgesäit.

Fänke mir direkt mat enger bonne note fir de Motor un. Den 2.2 Turbodiesel mobiliséiert 197 Päerd, wat méi wéi genuch ass fir de SantaFe op Trapp ze halen. De Motor leeft en plus roueg an ass spuersam. De koreanesche Maschinnebau brauch sech net ze verstoppen.

Och beim Fuerwierk ginn et Fortschrëtter. Kéieren hellt de SantaFe ouni grouss Säitenneigung, den Accent läit awer op Confort mä dat hei ass keng Schaukel. Wann d’Ofstëmmung e gelongene Kompromëss duerstellt, esou kënnen och d’Koreaner d’Gesetzer vun der Physik net iwwerlëschten. Héich a schwéier bleift héich a schwéier, och mat elektroneschen Tricker.

Esou huet de SantaFe e Knäppchen, mat deem een de Widderstand vun der Steierung ka variéieren, vu Confort iwwer Normal bis Sport. Mä et ass e bësse wéi wann ech géif Balletsschung undoen. Dat heescht nach laang net, dass ech och danze kann.


Et sollt een engem grousse Familljenauto net reprochéieren, dass e keng Sportskanoun ass. Den Test-SantaFe war nëmme vir gedriwwen. Wat am normale Stroossebetrib kee Problem ass. Eppes wat ausgesäit wéi en Jeep an déi dynamesch Nodeler vun héich a schwéier huet, sollt awer op d’mannst méi wéi e Feldwee meeschteren. Soss ass et wéi e Boot kafen wat net schwëmmt. Ech géif en als Allrad huelen, mä mech freet jo keen.

Präislech si mir dann erëm beim Marketingdilemma. Fir 32’000 Euro kritt een en Antrëtts-SantaFe oder en Top-ix35. Um aneren Enn kann ee 46’000 Euro an e Luxus-SantaFe stiechen. Sphären wou och en Audi Q5 oder e BMW X3 dra sinn. Mat manner Équipement an nëmmen 2 Joer Garantie.

Egal wat ee wielt. Den neie SantaFe huet elo genuch Qualitéiten fir seng Präisfuerderunge mat eegener Kraaft ze stemmen. Dat nennt een Ukommen.
Hyundai SantaFe (24.01.2013)
De SantaFe war d’trojanescht Päerd.