Autotest vum 31. Januar 2013Renault Clio IV

Et gi Modeller, déi dierf e Constructeur net verrappen. De Clio ass esou e Modell fir Renault. De Pascal Becker probéiert d'Generatioun Nummer 4.

De Clio III war zäitweileg de meeschtverkaafte Modell vun der ganzer Gamme, mä no 7 Joer war Ofléisung néideg.

Beim Clio IV mierkt ee scho vu wäitem, dass eng wichteg Lektioun geléiert gouf. Gro-Maus-Diskretioun ass out, bleche Muskele ginn no bausse gedroen, mat prononcéierten Hëften. D’Front inspiréiert sech um Renault Dézir Concept, mä vun hannen erënnert villes un al Alfa-Modeller, bis un d’Grëffer vun den hënneschten Dieren, déi an de Fënsterrumme verstoppt sinn. Wann ech sengerzäit den Alfa 147 gezeechent hätt, géif ech driwwer nodenken, Renault eng Rechnung ze schécken.

Mä et ass doudsécher flott, wann och net 100-prozenteg praktesch. D’Iwwersiicht no hannen ass net déi bescht, an dorunner änneren déi winzeg Fënsteren an der C-Sail guer näischt. Si si just e Stilmëttel.

A propos Stil. Anerer verdénge mat sougenannter Personalisatioun richteg Mënz. Och Renault hofft elo faarwege Plastik zu Gold ze maachen. Alles wat hei rout ass, kann een duerch aner Faarwen ersetzen. Esou schwankt de Clio tëschent Domina-Cheap a Vamipre-Chic.

Vun deem Gespills elo emol ofgesinn, huet d’Qualitéit vum Intérieur awer e grousse Sprong no vir gemaach. Den haarde Plastik bleift gréisstendeels verstoppt. Geschäimte Flächen dominéieren – e kloere Fortschrëtt.

Eng richteg “bonne note” gëtt et och den iPad-ähnlechen Touchscreen, deen net nëmmen nobel ausgesäit, mä£ mat deem een och intuitiv navigéieren a Musek lauschtere kann. Dass de Knäppche fir den Tempomat tëscht de Sëtzer verstoppt ass, beweist, dass den ergonomesche French Touch net dout ass.

Fir de Praxisdeel ofzeronnen: hannen hunn och Erwuessener genuch Plaz, et ass awer zimlech däischter. A bei der Variabilitéit kann ee bedaueren, dass de Mallebuedem bei ëmgeklappte Sëtzer net riicht ass. Mä et kritt een e jo och als Kombi.

Et waren elo net onbedéngt ideal Testkonditioune mat veräiste Stroossen, mä den Handling-Confort-Kompromëss ass absolut gelongen. De Clio ass net ze haart ouni dofir schwammeg ze wierken. E spiert sech esouguer flénk un. Wat mat e Verdéngscht vun der direkter Servoslenkung ass. Si ass nach ëmmer elektresch ënnerstëtzt an huet par rapport um Virgänger wichteg Nohëllefstonnen am Fach Réckmeldung krut. Och wann ech se nach ëmmer e bësse liichtgängeg fannen.

Zum Gléck passt dat Vokabel zum gesamten Ëmgang mam Clio. D’Schaltung beispillsweis? Liichtgängeg! Interessanterweis huet se nëmme 5 Gäng obwuel dëse Modell um Pabeier sensationell niddereg Verbrauchswäerter versprécht. De 1500er Turbodiesel geet gutt a leeft roueg. Mä fir et direkt ze soen: eng 3 virum Komma wéi am Prospekt hu mir net gepackt. 4½ Liter sinn awer ouni gréisser Konzentratioun méiglech. Och wann den Eco-Modus dem 90PS-Diesel en Deel vu sengem Temperament kastréiert.

D’Präisser gi vun eppes iwwer 12’000 Euro bis knapp 18’000 virun Optiounen. Och do ass de Clio IV voll op der Héicht vun der Konkurrenz.

Renault Clio IV (31.01.2013)
Et gi Modeller, déi dierf e Constructeur net verrappen. De Clio ass esou e Modell fir Renault. De Pascal Becker probéiert d'Generatioun Nummer 4.