Autotest vum 14. Februar 2013Toyota Auris Hybrid

Den Toyota Auris gesäit net nëmme méi spannend aus wéi säi Virgänger, mä e kritt och vun Ufank un den Hybrid-Undriff. De Pascal Becker huet e probéiert.

Deen alen Auris hat d’Perséinlechkeetsausstrahlung vu Watt a wodelegem Waasser. Mä Toyota huet sech Méi ginn, fir dass deen Neien emol méi cool ausgesäit. Esou ass d’Auris-Generatioun Nummer 2 méi kanteg an och méi niddereg. Minus 5 Zentimeter an der Héicht. Toyota huet Recht! Héich Autoe si faul. Et fiert een net mat Hutt.

Den Auris kënnt mat diverse Motorisatiounen, mä den Hybrid ass deen interessantesten. Hei kritt een déi sofistikéiert Technologie vum Prius fir manner Geld. A si hunn d’Batterien esou clever verstoppt, dass eng ganz normal Mall bleift.

Ganz normal ass och de Look am Banneraum. Et hätt ee sech vläicht eppes méi Science-Fiction kinnten erwaarden, mä et funktionéiert, et ass propper verschafft an et huet een alles, wat ee brauch.

Den Auris Hybrid geet mat Benzin. Well esouwuel doheem  a Japan an an den USA spillt Diesel keng Roll. Dat sinn nun emol déi gréissten Hybridmäert. An et kinnt een argumentéieren, dass Benzinsofgase méi propper sinn wéi déi vum Diesel. Op der anerer Säit wuesse grouss Hybrid-Batterien och net op Fairtrade-Beem. Et kann een also iwwert déi ekologesch Vir- an Nodeeler vum Konzept debattéieren.

Wat net zur Debatt steet, ass dass den Auris besser hätt de Mond ze halen. Et gëtt hei e Symphonieorchester vu Biip-Këschten. Wann een de Réckgang aleet, piipst et permanent, wéi op engem Bagger. Esou  haart, dass een d’Piipse vum Parksensor bal net héiert. Zum Gléck huet den Auris eng Réckfuerkamera. Am léiwsten hätt ech den Auris mat der Schroutflënnt “entbiipt”. Mä d’Garage kann dat lästegt Gebimmels iwwert en Agrëff am Bordcomputer ausschalten. Loosst et direkt maachen!

Mam Stadverkéier hale mir et gewéinlech wéi den Däiwel mam Weiwaasser. Ze lues, ze lästeg ze filmen. Mä et ass fir den Auris en optimale Biotop. Am Stop-and-Go-Verkéier freet een sech op all Meter iwwert déi serieméisseg automatesch Boîte. An esoulaang genuch Stroum an der Batterie ass, kann een tëscht de roude Luuchte reng elektresch krauchen, ouni eng Drëps Benzin ze verbrauchen, ouni ee Gramm CO2 auszestoussen.

Dem  Hybrid säi Spuertrick baséiert dorobber, dass en Deel vun der Energie, déi normalerweis beim Bremsen oder Ausrulle verluer geet, opfänkt an an der Batterie späichert. Un D’Fuebelwäerter aus dem Katalog si mir net erukomm. Mä 5,2 Liter op 100 ouni gréisser Ustrengung sinn net schlecht. Ëmsou méi well an engem Liter Benzin manner Energie stécht wéi an engem Liter Diesel.

Iwwer Land ass den Auris mat 136 versammelte Benzins- an Elektropäerd staark genuch. Duerch déi stufenlos Automatik dréint de Benzinner heiansdo zimlech héich, mä dat stéiert manner wéi beim Virgänger, well d’Geräichdämpfung vill besser ginn ass. An och d’Stroosselag huet u Präzisioun gewonnen.

Just d’Direktioun, déi huet nach ëmmer d’Réckmeldung vun engem Videospill. Fir ronn 23’300 Euro kritt een e Basis-Hybrid. En 2-Liter-Diesel ass ëm e puer Grimmele méi bëlleg an eigentlech just besser, wann ee vill Autobunn fiert. Den Hybrid mécht Fuere liicht an einfach. Just net spannend. An den USA ass den Toyota Prius deen am mannste geklauten Auto. Dat muss wuel un deene besonnesch séchere Schlässer leien.