Autotest vum 28. Februar 2013RangeRover

Den éischte RangeRover huet ganz alleng d’Segment vum Luxus-Offroader kreéiert, eng Iddi déi haut vu ville kopéiert gëtt. Mir testen déi nei Generatioun.

De Look vum neie Range ass kloer eng Homage un d’Kontinuitéit. Et ginn e bësse verspillten Detailer wéi d’Luuchten oder d’Undeitung vu Lëftungsschlitzer, déi natierlech op den Diere keng Funktiounen erfëllen. Et ginn och nëtzlech Evolutiounen, wéi eng däitlech verbessert Aerodynamik.

Wat d’Kapitel Luxus ugeet, esou ass een an der Topversioun Autobiography méi wéi verwinnt. Lieder natierlech, mat Massage, Kameraiwwerwaachung ronderëm, e Parkassistent, Sëtzer voll elektresch, an, an, an... De RangeRover huet awer net nëmmen Équipementer. En huet eng Ambiance – an dat geléngt nach laang net jiddwer Gefier.

Seng Konkurrente mat engem Q, G oder X am Numm kënne wuel villes. Mä Offroad bleift de Range eng Klass fir sech. Wat fir ee Luxus-SUV ka sech schonn domat bretzen, duerch 90cm déift Waasser ze fueren? Dat ass bis just ënnert d’Luucht.

De Chauffer brauch dofir nëmmen ee Knäppchen un d’Landschaft unzepassen. TerrainResponse stréckt dann de beschte Kompromëss fir Sand, Schnéi, Steng oder Bulli, regelt d’Loftfiederung an d’Differentialspär. An et gëtt e richtege Redukter.

Mat 5 Meter Längt ass de RangeRover natierlech massiv. Et kinnt een eegene Postcode hunn. Oder en Deputéierte-Sëtz an der Chamber. Mä massivheescht net onbedéngt bläischwéier. Den neie RangeRover huet näämlech richteg ofgespeckt: minus 400 Kilo, erreecht ënnert anerem duerch den Asaz vu vill Aluminium. Well awer och no der Diät nach 2 Tonne bleiwen, hu mir virsiichtshalber e V8 gebucht.

Ech géif emol soen, dass dat eng exzellent Iddi war. De 4.4 Turbodiesel huet 339 Päerd. Mä dat ass nëmmen déi hallef Wourescht. Wat hei e Machtwuert schwätzt, dat sinn déi 700 Nm Dréimoment. 700Nm, dat giff duergoen, fir de griechische Staatsdefizit aus dem Gruef ze zéien.

Dëse Motor mécht aus dem RangeRover e Genossobjet, well e seng Leeschtung esou labber rausrëselt. 90 bedeit kaum méi wéi Ralenti, 130 si 1500 Touren. D’Zesummenaarbecht mat der neier 8-Gang-Automatik verleeft harmonesch. An de Verbrauch ass erstaunlech raisonnabel. Et kënnt ee mat wéineg Méi ënnert 10 Liter. Greenpeace schéckt dofir zwar nach keng Blummen, mä ëmmerhin.

Vläicht dat bescht bei dësem Auto ass déi Rou, déi en op de Chauffer iwwerdréit. Obwuel dat hei e séieren Auto ass, fiert een éischter gemittlech-fléissend. Et genéisst een de Fiederungsconfort, déi ganz diskret Geräichkuliss. An d’Wëssen, dass een zu jiddwer Moment iwwerhuele kann.

D’Stroosselag ass gutt, d’Steierung präzis genuch, d’Karosserie iwwersiichtlech. Dass de Range op e pseudo Sport-Programm verzicht, ass goldrichteg. Esou konzentréiert een sech op dat, wat e wierklech gutt kann.

Vläicht ass dat hei dee beschte Luxusauto. Et huet een d’Lieder an all d’Spillsaachen. Mä ënnert dem Armani-Kostüm ass déi komplett Biergsteiger-Ausrüstung. Et kann ee vu St. Tropez op Timbuktu fueren, e Geessepad am Himalaya erklammen an duerno virun engem Casino parken. An et huet een ëmmer dat richtegt Gefier dobäi. Dat klengt no richtegem Luxus.

Leider passt och de Präis zum L-Wuert. Et gëtt wuel e Basis-Range mat engem V6 fir ronn 87’000. Mä deen ass eréischt ab August liwwerbar. Eng perfekt Excuse also fir eise V8 ze bestellen. 117’000 Euro. Et muss schéi sinn, wann ee räich genuch ass.

RangeRover (28.02.2013)
Den éischte RangeRover huet ganz alleng d’Segment vum Luxus-Offroader kreéiert, eng Iddi déi haut vu ville kopéiert gëtt. Mir testen déi nei Generatioun.