Autotest vum 14. Mäerz 2013Mazda6

De Mazda6 beweist, dass déi klassesch Limousine nach net ausgestuerwen ass. Well de Pascal Becker sech gutt geschéckt huet, krut hien e rouden Testauto

Et gesäit esou aus, wéi wann iergendeen am Haaptquartéier vu Mazda eis géif nolauschteren. Net nëmme well den Testauto effektiv rout an net gro ass. Mä virun allem well e breet an déif dohier kënnt. Déi klassesch véierdiereg Limousine ass jo scho bal um Ausstierwen. Mä hei weist sech, dass se net langweileg muss langweileg sinn.

Déi schéi Form huet e puer objektiv Nodeeler. Et muss een de Kapp déif eranzéie fir eranzeklammen, an et kann een net mat Hutt fueren. Ëmsou méi well just dem Chauffer säi Sëtz sech an der Héich verstelle léisst. Wäiss giff ech och net als Faarf fir den Intérieur recommandéieren, mä soss verdéngen d’Sëtzer nëmme Bonnes Notes, fir de Confort a fir de Säitenhalt. A si si gehëtzt.

Iwwerhaapt verstréimt den Intérieur en Hauch vun dezentem Luxus. Net de volle Premium wuel, awer och net gro an ouni Léift. Den Testauto an der Topfinitioun Executive hat all déi gängeg Spillsaachen u Bord.

Mat bal 5 Meter Längt ass dat hei en imposanten Auto, a mat nëmme 1’4000 Kilo ee vun deene liichtste vu senger Klass. Mazda nennt et Skyactive Engineering. Keng exotesch an onbezuelbar Materialien, neen, just déi konsequent Optimisatioun vu klassescher Ingénieurskonscht. Och esou kann ee liicht Autoe bauen. A liicht ass gutt fir d’Fuerleeschtungen an de Verbrauch.

Ënnert dem Capot vun eisem Testauto fënnt een 175 Päerd. Den 2.2-Turbodiesel hu mir schonn am CX5 kenne geléiert, a mir si frou eis erëm ze gesinn. Et ass doudsécher ee vun den agréabelsten Diesele momentan. Ganz vill Dréimoment an dréifreedeg dobäi. Hei schafft e mat enger 6-Gang-Automatik zesummen, déi gutt zum Konzept passt. Des Kombinatioun ass fir esou e groussen Auto spuersam genuch. 7½ Liter si realistesch, ouni lues ënnerwee ze sinn.

De Chassis vum Mazda huet näischt géint e bësse méi energesch Fortbewegung. Hei hu mir e groussen Auto, dee gutt läit an handlech ass. D’Steierung ass präzis, ech wënsche mir awer e bësse méi Fleesch op der Schank vun der Réckmeldung. Mä ech soen dat esou dacks, dass ech mech froen, op de Problem net bei mir läit...


Mazda ass e relativ klenge Constructeur. A muss dofir sënnvoll mat engem begrenzten Entwécklunsgbudget ëmgoen. De Mazda6 leit net dorënner. Sensoren iwwerwaachen den doudege Wénkel, bei Stadvitessen bremst den Auto vollautomatesch wann de Chauffer net op Zack ass. Alles sënnvoll.

Beim nächsten Accessoire sinn ech mir net esou sécher. De Spuerwarnsystem benotzt Sensoren, déi op wäiss Fuerbunnmarkéierunge reagéieren. Wann een iwwert eng wäiss Sträif fiert, brummt et aus de Lautsprecher... oder och net. Heiansdo funktionéiert et wéi geplangt, an da kann ee sech erëm Kilometerweis wäiss Sträifen ënnert d’Rieder zéien, ouni dass de System uschléit. Dat ass net gutt.

Dat ännert awer näischt um positive Gesamtandrock. De 6 gesäit gutt aus, ass staark a spuersam. A verglach mat deem, wat ee gebuede kritt, si 34’700 Euro fir déi voll équipéiert Topversioun absolut konkurrenzfäeg. Wien elo fäert, net genuch Plaz an der Mall ze hunn: de Break gëtt et fir de selwechte Präis wéi d’Limousine. Dorunner sollten sech aner Marken emol inspiréieren.

Mazda6 (14.03.2013)
De Mazda6 beweist, dass déi klassesch Limousine nach net ausgestuerwen ass. Well de Pascal Becker sech gutt geschéckt huet, krut hien e rouden Testauto