Autotest vum 11. Abrëll 2013Ford B-Max

Et gi verschidde Méiglechkeeten, fir dass e klengen Auto grouss ausgesäit. Ford baut beim B-Max an d'Héicht. De Pascal Becker probéiert den 1.0 Ecoboost.

Bei den Zwergeparkplazen, déi een haut iwwerall fënnt, sinn Schibedieren eng exzellent Iddi, an nach eng besser wa wéi hei déi sougenannte B-Seil komplett feelt. Esou eng Konstruktioun ass net einfach fir d’Karosseriesteifegkeet, mä Ford huet et gepackt. De B-Max ass kee Wackelpudding an huet fënnef Stären am Crashtest.

Iergendwou sinn hei Fiesta-Genen agebaut, wat een ënnert anerem um Tableaudesign erkennt. En erënnert um Goldorak säi Broschtpanzer. De Plastik ass haart an et gi vill Knäppercher.

Véier Leit sëtze gutt am B-Max. Si dierfen och Gepäck mathuelen. Wien elo méi Plaz braucht, fënnt bei Ford den C-Max. Dem B-Max seng Nisch heescht näämlech: kleng ass clever. A Benzin ass in.

D’Iddi vum Downsizing ass, dass een e klenge Benziner mat engem Turbo kombinéiert an esou d’Leeschtung vun engem décke Motor mat moderatem Duuscht vun engem klenge kombinéiert. Beim B-Max setzt Ford op nëmmen ee Liter verdeelt op dräi Zylinder. Fir d’Klima ze schounen.


Fir d’Leeschtung ze testen ass dës Pist e bëssen enk, mä si beweist, dass dem B-Max seng Handlechkeet gutt ass... an d’Iwwersiichtlechkeet no vir schlect. Wéi ëmmer wann en Auto no Van ausgesäit.

De Motor suergt direkt fir e puer Iwwerraschungen. Éischtens schnurrt en diskret wéi eng Kaz beim Kamäin, an zweetens huet en erstaunlech vill Dréimoment an zitt propper aus niddregsten Dréizuelen. Et kinnt ouni Weideres nach e laange 6. Gang verdroen. Déi versprachen 100 Päerd sinn do.

Och d’Stroosselag mécht fir en héichen Auto onerwaart vill Spaass. Dat sinn erëm déi Fiesta-Genen. De B-Max kann och Hiphop danzen.

Dat huet natierlech en Afloss op de Verbrauch. Et ass wéi mat de Kanner an dem Kleeschen. Déi, déi sech ganz gutt schécken, gi mat wierklech nidderege Verbrauchswäerter belount. Mä wann d’Gaspedal sengem Kolleg Buedemblech dacks moie seet, geet den Duuscht natierlech an d’Luucht. Vun näischt kënnt näischt. Am Kloertext: 5 Liter si méiglech, 6½ realistesch, 8 éischter d’Ausnam.

A well dëse Motor wierklech e sympathesche Charakter huet, géife mir fir emol net zum Diesel orden. Deen huet näämlech fënnef Päerd manner a kascht 1’600 Euro méi. E korrekt équipéierte B-Max mam 3-Zylinder kritt een ab 17’000 Euro an dat ass fair.
Ford B-Max (11.04.2013)
Et gi verschidde Méiglechkeeten, fir dass e klengen Auto grouss ausgesäit. Ford baut beim B-Max an d'Héicht. De Pascal Becker probéiert den 1.0 Ecoboost.