Autotest vum 28. Mäerz 2013Skoda Octavia

De Skoda Octavia ass zwar e fonkelneie Modell mä gläichzäiteg en ale Bekannten. De Pascal Becker mécht e Copy-Paste-Test vum Golf-A3-León-Cousin.

Audi A3, VW Golf VII, Seat León, Skoda Octavia… Wat hun dës Autoe gemeinsam? Ënnert dem Blech zimlech vill. Motoren, Ophänkungen oder Crashstrukture stamen aus dem „Modulare Querbaukasten“. Eng Legoskëscht aus där de Konzern an Zukunft nach weider Modeller baue wëllt. Dat huet Virdeeler well en héijen Entwécklungsopwand esou op grouss Stéckzuele ka rentabiliséiert ginn.

A wann d’Basiselementer stëmmen, komme lauter gutt Autoen eraus. Autoen, déi zum Beispill méi liicht sinn. Och den Octavia huet ronn 100 Kilo ofgespeckt.

Ausser dem Skoda-typeschen Design huet den Octavia och eng objektiv Trompkaart: méi Plaz wéi déi aner. D’Mall ass ganz einfach riseg. A well de Radstand ëm iwwer 10 Zentimeter gewuess ass, huet een elo och hanne vill méi Plaz fir d’Been.

Obwuel den Octavia dee gënschtegsten vum Quartett ass, mierkt een dat bei der Finitioun guer net. Et gi wuel e puer Plastiksdeeler wou Cent gespuert goufen, mä den allgemengen Androck ass opulent. Hei spillt e weidere Virdeel vum Baukastesystem. Sofisitikéiert Klima, Navi an Infotainmentsystemer kinnt Skoda alleng ech wuel net leeschten. Mä hei gräift een an d’Familjeregal. Dat ass gutt. Just de Spigel ass ze kleng.

Aus dem gemeinsamen Dëppe kënnt och den 1800er TSI. Mir hunn dëse Motor schonn am A3 getest. Mat Turbo fënnt een ënnert dem Capot méi Päerdsmuskel wéi an enger Rëndslasagna vun der Cap. Déi 180 Cocoen verstinn sech exzellent mat der 7-Gang-DSG-Boîte. Dëse Motor geet gutt a leeft roueg. Mä Dir gesitt de “mä” scho kommen. Bensinn ass méi deier wéi Diesel. An trotz all Fortschrëtt brauch e bei normale Vitessen gutt 1½ Liter méi wéi den 2.0 TDI. 8 Liter. A wann Dir e beetscht, gëtt den Ënnerscheed nach méi grouss.

Bei den aktuelle Präisser mécht dat op 100’000 Kilometer ëmmerhin 2’700 Euro méi fir Sprit. De Bensinner ass wuel 300 Euro méi bëlleg am Akaf. Mä rechneresch nëmmen eppes fir Dieselmuffel.

Natierlech ass de Bensinner méi sprëtzeg. D’Fro ass wat besser zum Wiese vum Auto passt. Vun de véier Baukastebridder ass den Octavia deen, deen am mannsten zu enger aktiver Fuerweis verleet. En ass wuel handlech a präzis, mä net esou flénk. Et spiert een dee méi laange Radstand.

De Fiederungsconfort ass éischter ferme gewielt, an och d’Ofrullgeräicher sinn eng Grëtz méi present wéi bei deenen zwee méi deiere Bridder. Et muss ee jo e bestëmmte Respektofstand halen.

Dat alles ass awer Kritik op héichem Niveau. Objektiv gesinn leescht den Octavia sech wéineg Schwächten. En huet esouguer nach eng richteg Handbrems amplaz vun engem Knäppchen.

Och beim Präis kritt ee weiderhi vill Auto fir säi Geld. En Antrëtts-Octavia steet mat knapp 19’000 Euro am Katalog. En 2.0 TDI mat DSG an de wichtegsten Accessoire läit ëm déi 26’000.

Skoda Octavia (28.03.2013)
De Skoda Octavia ass zwar e fonkelneie Modell mä gläichzäiteg en ale Bekannten. De Pascal Becker mécht e Copy-Paste-Test vum Golf-A3-León-Cousin.