Autotest vum 25. Abrëll 2013Porsche Cayman S

De Porsche Cayman ass de klenge Brudder vum 911. De Pascal Becker probéiert d'S-Versioun a freet sech, op dat net vläicht dee besseren 911 Carrera ass.

Et ginn net vill Autosmarken, déi eppes wéi dat heiten als “klenge” Modell géife bezeechnen. Mä dat ass nun emol d’Positioun vum Cayman bei Porsche. Am Schied vum 911. Mä dee Schied gëtt ëmmer méi kleng. Besonnesch well e Cayman S quasi déi selwecht Fuerleeschtunge bitt wéi en Antrëtts-911.

Schonn deen ale war flott ze fueren. Mä richteg schéin hätt keen e genannt. Dat ass anescht ginn. De Cayman ass ästhetesch méi wéi e Boxer mat Hardtop.

Dat hei ass och – vläicht iIwwerraschenderweis – en zimlech prakteaschen Auto. Déi zwou Malle si labber duergaangen fir eist Kamerageschir ze schlécken. A mir reesen net liicht. De Cayman ass och iwwersiichtlech, liicht ze parken, perfekt verschafft. A wie beim Ubléck vun der Optiounslëscht säi Schwindelreflex ënnerdréckt, kann dësen Auto quasi luxuriéis équipéieren.

De Radstand beim neie Modell ass gewuess. Et huet een doduerch méi Plaz. Mä Leit, déi gären am leie fueren, solle sech bewosst sinn, dass dat bei Mëttelmotorautoen wéi deem heiten net geet. De Motor setzt gutt verstoppt an hirem Réck. Net esou gutt fir déi mechanesch Accessibilitéit, mä ideal fir den Handling.


Ech wëll Iech elo net mat techneschen Ausdréck wéi “polarer Inertie” langweilen. Just esouvill: Mëttelmotorautoen si wéi Rettungsreefer: D’Mass gehéiert an d’Mëtt a wann een de Reef dréint, rotéiert e ronderëm d’Hëft. De Cayman S follegt sengem Chauffer quasi telepathesch, direkt an ouni Ënnersteieren. Esou eng Präzisioun mécht ëmmer Spaass, och bei nidderege Vitessen.

Wien de SportChrono-Pack an der Optiounslëscht ugekräizt huet, ka sengem Cayman zu jidder Zäit op Knappdrock e puer Steroiden sprëtzen. SportPlus mécht d’Fiederung méi steif, d’Gaspedal méi bësseg an d’Boîte méi aggressiv. Um Begrenzer schalt se da scho bal brutal an den nächste Gang.

Well se de Recht vun der Zäit virbildlech smooth a séier schalt, hunn ech e bëssen den Androck, dass déi Ruppegkeet kënstlech ass, fir nach méi Dynamik ze suggéréieren. Fir eng zéngtel Sekonn ze wannen ass et jiddefalls net derwäert. Mä et gëtt nach e klenge Problem. Esouguer op SportPlus a manuell schalt d’Boîte ongefrot zeréck, esoubal d’Gaspedal de Kickdown-Knäppche beréiert. Manuell soll awer de Chauffer décidéiere loossen. An hien alleng!

Trotz dëser Kritik ass d’PDK awer hir 2’750 Euro Supplément wäert. Schonn alleng dee wueldoséierten Tëschegas beim Zeréckschalte ka süchteg maachen. Si schalt och am normale Modus blëtzséier. A si huet e laange 7. Gang, dee Verbrauch a Geräisch erofsetzt.

Wien genuch geraibert huet, setzt d’Fiederung op Normal an d’Boîte op Drive an entdeckt dem Cayman säin zweete Gesiicht. Dat vun engem confortabele GT.

Bis elo hu mir nach net vum Motor geschwat. Aus 3.4 Liter zaubert de 6-Zylinder-Boxer 325 Päerd bei 7’500 Touren. An eng Klangkuliss, déi Rock-a-Field kinnt fëllen. Et ass eigentlech de Motor vum 911 Carrera, liicht gedrosselt. 281 amplaz 287. Et kann een domat liewen. Net nëmme well de Cayman S ëm de Präis vun engem Golf Diesel fir de Wanter méi bëlleg ass. Säin Handling mécht einfach méi dacks méi Spaass. D’Bremse si phänomenal. An en ass relativ spuersam. Vun A op B geet mat 9 Liter, Spaass geet ab 12. Just wien d’Béischt richteg këddelt, gesäit och emol eng 12 vir.

E Basis-Cayman kritt ee fir 50’000 Euro, en S fir 62’000. A béide Fäll virun de quasi-obligatoreschen Optiounen, déi séier eng 10 bis 15 Risen drun hänken. Geheimtipp: e Boxster S ass bal dat selwecht, décapotabel a ronn 4’000 Euro méi bëlleg. 
Porsche Cayman S (25.04.2013)
De Porsche Cayman ass de klenge Brudder vum 911. De Pascal Becker probéiert d'S-Versioun a freet sech, op dat net vläicht dee besseren 911 Carrera ass.