Autotest vum 9. Mee 2013Opel Adam

De Mini, den Cinquecento an den DS3 hunn et virgemaach, elo wëllt och Opel mat engem klengen Lifestyle-Flitzer ugräifen. Den Adam-Test vum Pascal Becker.

Fir et direkt ze soen : et gi beim Adam 27 méiglech Faarfkombinatiounen tëscht Daach a Karosserie. A mir hunn eis déi do net erausgesicht. Purple Fiction & white my fire nennen si et. Vullekack op Aubergine passt och.

Mä mir sinn net hei fir iwwert Goût ze streiden. De Marketingsargument vun esou Autoen ass jo, dass een se esou individuell ka gestallten, dass duerno keen dem aneren zu 100 Prozent gläicht. Den Adam kritt een an dräi Finitiounsstufen: Jam, Slam, Glam. Den Zyniker gesäit doranner eng raffinéiert Manéier fir faarwege Plastik zu Gold ze maachen. Mä Opel ass do net aleng. Kleng, chic, net bëlleg. Mini, Cinquecento an DS3 si Succes-Storien. Den Adam kënnt spéit op d’Party a kann net wéi déi zwee éischt op cool Bopen opbauen.

Hie probéiert et mat Qualitéit a Finitioun. Déi ass doudsécher op d’mannst esou gutt wann net esouguer besser wéi déi vun de Konkurrenten. Et kritt een déi néideg Spillsaachen. De Radio kléngt gutt, schafft mat Smartphonen zesummen, mä de Schierm ass nuets ze helle. Et kann een en net individuell dimmen.

Als peppege Stadauto baséiert den Adam op enger gekierzter Corsa-Plattform. Dat mierkt een. Dësen Auto als 4-Sëtzer ze verkafen, ass e Witz. Et ass héchstens en 2+2. Hanne passe Kanner dran. Erwuessener mussen de Kapp doheem loossen.
 
De Chauffer a säi Passagéier sëtzen allerdéngs wierklech confortabel, si hu genuch Plaz an och déi ganz Ergonomie an d’Fuerpositioun sinn duerchduecht. Hei huet Opel gutt Aarbecht geleescht.  D’Mall ass awer kleng an d’Variabilitéit net méi wéi basesch. A firwat de Stadauto keng Automatik ubitt, ass e Rätsel.

Den Adam ass liichtgängeg am Ëmgang. D’Gäng flutsche wéi geschmiert, d’Kupplung verlaangt wéineg Muskelen. Bei nidderege Vitessen ass de 1400er sprëtzeg genuch, op der Autobunn dréint en zwar relativ héich, mä en ass agréabel virbatiounsfräi an akustesch diskret. An net allzevill duuschtereg: eppes iwwer 7 Liter.

Opel huet et och fäerdeg bruecht, eng flénk Stroosselag mat guddem Fiederunsgconfort ze kombinéieren, net evident bei klengen Autoe mat kuerzem Radstand. De Mini an den Cinquecento kënnen sech elo verstoppe goen.

Et kënnt awer elo e “mä”! Mat 100 Päerd ass den Top-Adam sécher net lues. Mä d’Reprise sinn net berauschend! Mir si vläicht turboverwinnten Dréimomentschwäinz, mä am Biergop kënnt net vill. Ech wëll net wëssen, wéi déi nach méi schwaach motoriséiert Variante ginn.

Hei si mir beim Adam sengem Haaptproblem. Et gëtt keng charismatesch Motorvariant an och keen Diesel. Luxus heescht awer net nëmme Lieder an Touchscreen. Et heescht och genuch Power ze hunn.

Präisslech ass den Cinquecento dem Adam säin direkte Konkurrent. Den Opel ass objektiv wuel dee besseren Auto. Mä wien Adam heescht, misst wëssen, dass Versuchung net ëmmer raisonnabel ass. D’Präisser fänke wuel bei plakegen 11’000 Euro  un. Mä fir 18’000 vun eisem Testwon kritt een och en Cinquecento Abarth, dee bedeitend méi Spaass mécht.

Opel Adam (09.05.2013)
De Mini, den Cinquecento an den DS3 hunn et virgemaach, elo wëllt och Opel mat engem klengen Lifestyle-Flitzer ugräifen. Den Adam-Test vum Pascal Becker.