Autotest vum 23. Mee 2013Mercedes CLA

Mercedes wëllt méi eng jonk Clientèle. Wat mat der A-Klass ugefaangen huet, gëtt elo mam CLA weidergedriwwen. De Pascal huet de klenge Coupé probéiert.

Virun e puer Joer huet Mercedes eng nei Nisch erfonnt : de Coupé mat véier Dieren. Den CLS war e Succès. Dofir wonnert et e bëssen, dass et esou laang gedauert huet, bis dass se d’Recette reduzéiert hunn. Optesch ass den CLA kloer de klenge Brudder vum CLS zweet Generatioun.

Et si Wénkelen, aus deene funktionéiert de Schrumpfeffekt ganz gutt, bei anere sinn d’Proportiounen net esou stëmmeg. Vläicht spillt d’Faarf eng Roll. An déi optesch Stereoide vum AMG-Package, deen net nëmmen an de Plastik vun der Karosserie agräift, mä och exzellent Sëtzer mat sech bréngt.

Den Existenzprinzip vun engem Coupé, op mat zwou oder véier Dieren ass glaskloer. Ästhetik geet vir. Den CLA huet jiddefalls eng bestëmmte Präsenz, déi anscheinend jugendlecher usprécht, och wann se weder déi néideg Mënz nach de Führerschäin hunn. Dat ass wichteg fir all Mark.

De Meedercher huet den Intérieur gutt gefall. Vum Design hir ass e gelongen an och propper verschafft an zesummegesat. Et ass just schuet, dass alles, awer wierklech alles, wat hei no Metall ausgesäit, nëmme Plastik ass. An dëser Präiskategorie erwaart ee Besseres. E puer strategesch placéiert Stécker aus richtegem Chrom géife Wonner wierken a wuel net d’Welt kaschten.

D’Funktionalitéit ass bei engem Coup net prioritär. Den CLA huet ëmmerhin eng grouss Mall. A vir sëtzt ee wierklech gutt. Hannen ass dat eng aner Geschicht. D’Kappfräiheet ass schlecht, Erwuessener hëlt een hei net mat op déi grouss Rees, soss gëtt et eng Meuterei. Wien dacks zu dräi oder zu véier ënnerwee ass, soll weider spueren an de groussen CLS kafen.

Eisen Testauto hat dee bis elo stäerksten Diesel. Den 220 CDI huet 170 Päerd am Tirang a genuch Dréimoment an der Täsch fir schëtzeg virun ze kommen a verbraucht kaum méi wéi den Antrëttsdiesel. En ass wuel d’Bagatell vu 5’450 Euro méi deier, mä kënnt dofir serieméisseg mat enger 7-Gang-Automatik, déi gutt zum Charakter vum Auto passt a vill zum Fuerconfort bäidréit.
 
Si ass allerdéngs och en Indiz dofir, dass dësen Auto net geduecht ass fir Leit, déi ëmmer déi leschten Drëps aus enger Zitroun pressen. Si erlaabt wuel punktuell manuell Agrëffer, spréngt awer bannent Sekonnen erëm zeréck an den Automatikmodus. Och wann de Chauffer dat guer net gefrot huet.

Traditionaliste wäerten sech och vläicht d’Hoer ausrappe, well den CLA vir gedriwwen ass. Mä dat muss keen Nodeel sinn, an net nëmmen am Wanter. De Chassis ass gelongen, den CLA handlech a präzis. An déi Qualitéite ginn net mat engem onnéideg haarde Fiederungsconfort erkaaft. Dat ass gutt.

Eisen Testauto koum mat enger Rei Optiounen op 47’000 Euro. Dat ass dann net méi grad esou gutt. E Bléck an d’Präislëschte weist, dass eng vergläichbar, mechanesch identesch A-klass véier Risen méi bëlleg ass. Souvill kascht eben de Coupé-Look. Et gëtt wuel en CLA fir knapp 27’000 Euro, mä Coupéeen si seele plakeg am attraktiivsten.

Mercedes CLA (23.05.2013)
Mercedes wëllt méi eng jonk Clientèle. Wat mat der A-Klass ugefaangen huet, gëtt elo mam CLA weidergedriwwen. De Pascal huet de klenge Coupé probéiert.