Autotest vum 6. Juni 2013Maserati Quattroporte

De Pascal Becker probéiert dat neit Maserati-Flagschëff an explizéiert wat de Quattroporte mat Kommunismus a mam Pavarotti sengem Orgasmus ze dinn huet.

Dem Neptun säin Dräizack war dat richtegt Symbol fir den Dag vum Test. Waasser, Waasser an nach emol Waasser. De Lëtzebuerger Monsum erkläert dann och firwat mir eis fir d’éischt emol an en Atelier zeréckgezunn hunn. Obwuel e Schlass geplangt war.

De Maserati Quattroporte huet et mat lässeger Eleganz erdroen. Et ass en Auto, deen trotz imposanten Dimensiounen ni déplacéiert oder vulgär wierkt. Och d’Italiener beherrschen diskreten Understatement. Säi beschte Wénkel ass schief vu vir iwwert den Eck. Vun hanne gesäit e wuel e bësse méi anonym aus. Mä et dierf een d’Akustik net vergiessen!

Beim ale Modell woussten d’Nopere genee um wéivill Auer ee moies erausgefuer ass a wéi spéit een owes heem koum. Deen neien ass do vill méi diskret, bis dass een de Sport-Knäppchen entdeckt. Dee raumt e puer Klappen am Auspuff aus dem Wee. An dann héiert een de V8 sangen, vu Bass bis Tenor.

Esou klengt e Biturbo-V8, dee bei Ferrari geklaut gouf. Mä e Quattroporte reduzéiert sech net op e Motor. Et ass e Businessjet mat 4 Rieder, Lieder an erstaunlech vill Plaz. Déi riseg Beefräiheet hannen ass e Geste fir de chinesesche Marché. Wou deen, dee bezilt, léiwer hanne sëtz. An esou dem Quattroporte seng bescht Säiten dem Chauffer iwwerléisst. Kommunismus!

Et kinnt een d’Vergläichsmaschinn ukuerbelen. A fannen, dass zum Beispill am Navi- an Infotainmentberäich däitsch Premiummarke besser sinn. An och nach méi Radaren, Laser, Airbagen a Massagesëtzer hunn. Dat ass e bëssen wéi ze soen, dass an engem Espresso wéineg Kaffi dran ass, oder dass dem Armani seng Kostümer ze kleng Täschen hunn.

E Quattroporte transportéiert, an net nëmme vun A op B. Et ass natierlech schuet, dass dat éischt wat engem no der Sintflut begéint de lëtzebuerger Perma-Stau ass. An engem Auto, dee gebaut ass fir 307 an der Stonn ze rennen. Mä en Aristokrat adaptéiert sech. De Quattroporte kann och douce, lues a geschmeideg. Ouni forcéiert ze wierken.

Aus reng akustesche Grënn loosse mir de Sportmodus ageschalt. Dee liwwert net nëmme Klang, mä och Overboost. 530 Päerd an en Dréimoment-Tsunami sinn dann awer heiansdo méi wéi d’Pneuen iwwerdroen kënnen. Den Naassgripp vun den 20-Zoll-Pirelli-Walzen ass ganz einfach enttäuschend.

Et ass kloer e Gummisproblem. Well esoubal et méi dresche gëtt, kann de Quattroporte seng Chassiskaarte spillen. Erstaunlech viv fir esou e groussen Auto an ëmmer guttmiddeg. De Motor ass ganz einfach e Gedicht, kennt keen Turbolach an dréint ouni Ustrengung bis an de Begrenzer. A klengt dobäi wéi de Pavarotti kuerz virum Orgasmus.

Den Tenor  war net nëmme fir seng Stëmm berühmt, mä och fir säin Appetit. E Quattroporte ka mat 12 bis 13 Liter iwwert d’Ronne kommen. Esoulaang ee keng Opere lauschtert.

Autoen wéi deen heite baséieren hir Attraktivitéit op 3 P’en: Präsenz, Power, Perfektioun. Zwee vun dräi ass net schlecht. Et kinnt een elo e 4. P dobäi zielen. Pecunia, Latäin fir Geld. 147’000 Euro fir de V8. 106’000 fir de Biturbo-V6, deen een esouguer mat Allrad kritt. Dat ass wuel net bëlleg, an dach verglach mat deem Flair, deen e Quattroporte vu senge Konkurrenten trennt, net komplett iwwerdriwwen.

Maserati Quattroporte (06.06.2013)
De Pascal Becker probéiert dat neit Maserati-Flagschëff an explizéiert wat de Quattroporte mat Kommunismus a mam Pavarotti sengem Orgasmus ze dinn huet.