Autotest vum 20. Juni 2013Peugeot 208 GTI & Renault Clio RS

De Renault Clio an de Peugeot 208 hu mir schonn an der ziviler Variant getest. Elo trieden d'Sportsversioune 208 GTI a Clio RS géinteneen un.

De Renault Clio an de Peugeot 208 hu mir Iech schonn an der ziviler Variant gewisen. Dat hei sinn déi schaarf. GTI an RS. Mat um Pabeier groussen Ähnlechkeeten: franséisch, vir gedriwwen, sechs Gäng, 1600er Turbobensinner, 200 Päerd. An allebéid mat de Laascht vun der Geschicht op hire Rieder.

De Peugeot 205 GTI war zu Recht e Kultauto an och e Verkafsrenner, bis elo vu kengem vu senge méi oder manner enttäuschenden Nofolger och nëmmen erreecht.

Dem Clio RS säi Schied ass méi kuerz. Mä säin direkte Virgänger huet ee vun den allerbeschte Chassisen, déi ee serieméisseg kafe konnt. Den RS Senior hat awer och e Motor, deen nëmmne Spaass mécht, wann een e sadistesch beetscht. A Plastik aus recycléierte bulgaresche Gebësser. Dat war Rallyefreaken egal. Mä manner Hardcore Clienten vergrault et. Den neie Clio RS gëtt et nëmme méi als praktesche 5-Dierer. An déi obligatoresch Sportsakzenter stinn elo net méi fir Luxus a Confortverzicht. De Renault huet kloer déi bescht Sëtzer.

Och wann dem Peugeot seng méi schéin sinn. Den 205 war sengerzäit net nëmmen eng Sportskanoun. E war chic dobäi a konnt esou eng Clientèle ulackelen, déi sech nimools e verkappte Rallyegerät géif zouleeën. Op der optescher Front huet den 208 de richtege Mix och erëm getraff, wann och net bis an de lëschten Detail. D’Dekorelementer am roud-schwaarzen Dégradé an eisem Testauto gesinn nawell zimlech kitscheg aus.

Inflatioun ass net ëmmer eng gutt Saach. Mä et ass schonn erstaunlech wéi een ëmmer méi Fuerleeschtunge fir seng Suen kritt. Allebéid kaschte mat e puer Optiounen ëm déi 24’000 Euro. Allebéid rennen 230 a knacken 100 ënnert 7 Sekonnen.

Am Charakter geet awer jiddweree säin eegene Wee.

De Peugeot ass am Alldag manner radikal. Säi Motor, iwweregens deeselwechte wéi am Mini Cooper S, huet esouguer eng Grëtz méi Dréimoment a bleift iwwert de ganzen Toureberäich méi diskret. Hei muss ee vun Hand schalten. Wat ausser am Stau awer keen Nodeel ass, wéi mir nach wäerte gesinn. De Fiederungsconfort ass méi geschmeideg wéi beim Clio RS s sengem Cup-Fuerwierk. An un dat klengt Steierrad, do kann ee sech winnen. Nëmmen déi héich Sëtzpositioun ass onsportlech. A je nodeem wéi ee gebaut ass, verstoppt d’Steierrad d’Compteuren. Dat sollt ee scho selwer ausprobéieren.

Clio-Pilote fannen éischter eng gutt Fuerpositioun. A brauchen och kee Kupplungsfouss. Den RS gëtt gëtt et nëmme mat enger DSG-ähnlecher Boîte. Am alldeegleche Stop&Go ass dat eng fäin Affär, och wann d’Gäng net grad esou séier sortéiert gi wéi erhofft. En Drock op de Renault-Sport-Knäppchen verkierzt d’Schaltzäiten a sprëtzt e bëssen Testosteron a Gaspedal a Steierung.
 
An Adrenalin an de Chauffer! Well wien d’Steierung vun där Boîte ofgessent huet, versteet esouvill vu Sport wéi meng Bom vum Kitesurf. Och op manuell schalt se ongefrot zeréck a respektéiert einfach dem Chauffer seng Uerderen net. Kuerz iert de Blutdrock de roude Beräich erreecht, entdecken ech de Race-Programm. Do follegt d’Boîte effektiv wéi se soll, mä am Race-Modus ass den ESP automatesch aus. Déi zwee ze koppelen ass net clever. Well den ESP-Knäppchen ass e bësse wéi en Nippel-Piercing. Et sollt een eréischt dru spille goen, wann eng bestëmmten Intimitéit mam Subjekt erreecht ass, soss gëtt et eng op de Bak. De Clio RS ass op der Brems näämlech agréabel wibbeleg.

Bei Peugeot waren se der Meenung, dass dem 205 seng legendär Tendenz zum Heftschwong net méi an déi heiteg Zäit passt. Den 208 GTI setzt op Stabilitéit. Wat kee Feeler ass, just eben anescht.

Am Verbrauch sinn se dann erëm ganz ähnlech. Ënner 9 Liter am raisonnabelen Alldag, iwwer 15 wann een den Hooligan markéiert.

Dir erwaart natierlech elo e Gewënner. De Clio ass dee sportlechsten Auto, mat engem Super-Chassis an engem Motor, dee gäil kléngt. Just mat der Boîte kënne mir eis op Dauer net ufrënden.

De Peugeot ass wéi gesot méi confortabel ouni méi lues ze sinn. Et ass vläicht méi en Erwuessenen Auto, mä déi Zort vu Qualitéite kritt een och an engem HDi.

Dofir gëtt et an dësem Vergläichstest en Iwwerraschungsgewënner, dee guer net dobäi war: de Ford Fiesta ST. E vermëttelt grousse Fuerspaass, e léisst sech präzis, en ass mat Overboost esou staark wéi déi zwee Fransousen, an en ass e gutt Stéck méi bëlleg. Do kann een de schappege Plastik an déi knëppelhaart Fiederung verzeien. Fir Hardcore-Fuerer eis Wiel!

Peugeot 208 GTI & Renault Clio RS (20.06.2013)
De Renault Clio an de Peugeot 208 hu mir schonn an der ziviler Variant getest. Elo trieden d'Sportsversioune 208 GTI a Clio RS géinteneen un.