Autotest vum 4. Juli 2013Morgan Threewheeler

De “Code de la Route Populaire” ass e Bestseller. An trotzdem ass Hollywood net un de Filmrechter interesséiert. Konfus Handlung, keen Held, keng Spannung. Ausser vläicht bei der Rietsvirfahrt. A virun allem taucht am Text d’Wuert Pleséier net op.

Wat an eisen Aen e Feeler ass. De Morgan Threewheeler ass philosophesch gesinn um hedonistesche Géigepol. Et gi keng rationell Argumenter fir esou en Auto. En existéiert just fir sengem Chauffer e méckeverschmiert Grinsen an d’Gesiicht ze schreiwen.

E Morgan Threewheeler ass näischt fir schei Naturen. En zitt Touristen un, invitéiert zu Froen a Gespréicher. Wou een de Leit dann ëmmer erëm erkläre muss: “Nee, dat do ass keen Oldtimer, en ass fonkelnei.” Obwuel Morgan scho virun 100 (!) Joer ähnlech Gefierer op déi dräi Rieder gestallt huet.

Dräi Rieder fir manner Steieren an ouni Autoführerschäin beweegt ze ginn, deemools. Wéi seng historesch Virbiller huet och dësen Threewheeler e Motorradsmotor. E gigantomaneschen 2-Liter-V2. Gebaut vun engem Harley-Tuner. Good vibrations garantéiert. An 115 Päerd, wat an engem liichten Auto genuch ass.
 
Dëse Morgan weit knapp 500 Kilo. Wat manner de Verdéngscht vun der Aluminiumskarosserie ass, mä vill méi dee vun enger scho bal buddhistescher Konscht vum ewechloossen. D’Équipementslëscht resüméiert sech an zwee Wieder: Lieder a Wieder. Et gëtt keen Daach, keng Wischeren, keen ABS, keen ESP, keen Airbag, keng Heizung. An déi Micro-Mall ronderëm dat hënnescht Rad passen eng Reekombi, zwou Fläsche Single Malt an eng Liederskap. Dat muss duergoen.

Well Morgan och op d’Diere verzicht huet, si grouss steif Leit frou, dass d’Steierrad sech erofhuele léisst... an esou si Fettflecken um Gezei garantéiert.

D’Sëtzpositioun muss ee sech vu Wierk astelle loossen. An allze breet soll een net sinn. Mä do wou ech mir eng Fiederung aus eechen Dunnen erwaart hunn, huet den Threewheeler iwwerrascht. Ferm zwar, mä mat reelle Filterqualitéiten.

Wat an der Stad verwonnert, ass dee risege 15-Meter-Wendekrees... mä do kann ee sech mat a bësse Gas hëllefen. Déi breet viischt Spuer gëtt dem Threewheeler eng berouegend Stabilitéit, bis erop op Autobunnsvitessen. Dëse Morgan gesäit vläicht komesch aus, mä e fiert sech normal a kippt net.

E belount och e fléissend-proppere Fuerstil. Well de Gripp vun den dënne Motorradspneue vir ass net ernorm. Ze séier an d’Kéier gëtt mat vill almoudeschen Ënnersteiere gestrooft.

D’Stoppauer seet eppes iwwer 6 Sekonne vun 0 op 100, 185 Spëtzt. Geschenkt. Wat ziel ass dat, wat de Chauffer spiert. Eng Mëschung aus LeMans an éischte Weltkrisch.

Hei huet ee vill Spaass ouni de Code de la Route gravéierend ze verletzen, wat dësen almoudeschen Auto iwwerraschend zäitgeméiss mécht.

Beim Präis houscht ee fir d’éischt emol. Ronn 40’000 Euro. Fir eppes, wat u sech just eng Spillsaach ass. Awer och e garantéierte Klassiker. Op der Hand gebaut. De Wäertverloscht ass bei engem Morgan näämlech traditionell kleng. De Punkteverloscht um Führerschäin hoffentlech och.