Autotest vum 19. September 2013Lexus IS 300h

Lexus wëllt endlech als Alternativ an der Premiumklass akzeptéiert ginn a setzt dobäi méi wéi je op d'Hybridtechnik. De Serge Pauly huet den IS300h getest.

Autotest (19.09.2013)
Lexus wëllt endlech als Alternativ an der Premiumklass akzeptéiert ginn a setzt dobäi méi wéi je op d'Hybridtechnik. De Serge Pauly huet den IS300h getest.

Autosclienten sinn heiansdo onfair. Nei Modeller ginn emol net bekuckt, einfach well se vun der falscher Mark, oder aus dem falsche Land kommen. Zënter Joere probéiert Lexus an der Premiumklass unzekommen. An Amerika an an Asien klappt dat och. Mä d’Europäer, a besonnesch mir Lëtzebuerger, sinn net dovunner ofzebréngen, dass Premium en däitscht Wuert ass.

Den neien IS wëllt endlech als Alternativ zu A4, 3er oder C-Klass akzeptéiert ginn. En Challenge un deem seng Virgänger gescheitert sinn.

D’Designer setzen hir Jetonen des Kéier op Eleganz. Fréier war den IS éischter sportlech-kompakt. Déi nei Generatioun erënnert éischter un e… Businessjet. D’Silhouette ass laang gestreckt, de Kostüm sëtzt perfekt, déi schmuel Luuchte bréngen Dynamik an d’Spill. Eleganz kann awer och séier langweileg ginn.

Fir dass dat net geschitt, huet den IS eng iwwerdriwwe grouss Calendre. Sécher, den Diabolo-Grill kinnt potentiell Clienten ofschrecken. Mä den IS ass alleng optesch scho méi spannend wéi seng dräi däitsch Konkurrenten zesummen.

Dës Dynamik wollt Lexus och am Intérieur hi kréien. Mä den Tableau gesäit iwwerlueden an oniwwersiichtlech aus. Manner wier hei méi gewiecht. Den Équipement par contre ass komplett. Nëmmen un den Joystick fir den Navi ze bedéngen kréien ech mech net gewinnt. Dës Maus ass einfach zevill sensibel. D’Klimaanlag par contre léisst sech ganz intuitiv bedéngen.

D’Finitioun ass eigentlech ganz gutt. Mä da ginn et verschidde Knäppercher, oder Dekorelementer aus gro lackéiertem Plastik, déi gesinn zimlech 90er aus. Do kann ee sech dréinen a kéiere wéi ee wëllt… un den teutonesche Perfektionismus kënnt Lexus einfach net erun…

Elo kann een eis natierlech reprochéieren, dass mir déi kleng Feeler regelrecht siche ginn. Mä wann een d’Mall opmécht, spréngt engem fir d’éischt e Stéck bëllege Plastik an d’A, e Grëff un deem eng nach vill méi bëlleg Ofdeckung drun hänkt. Wann dat mäin Auto wier, giff ech mech all Kéiers opreegen, wann ech eppes an d’Mall leeën.

Ëmmerhin ass d’Mall grouss genuch, an och hannen sëtzt ee méi wéi korrekt. D’Been- an d’Kappfräiheet sinn trotz relativ flaacher Karosserie gutt.

Zu Lëtzebuerg dauere verschidde Saachen einfach e bësse méi laang. Bis d’Nordstrooss fäerdeg gëtt, oder bis d’Hybridtechnologie sech duerchsetzt. Op d’mannst fir déi zweeten Tatsaach ginn et Explikatiounen. De Lëtzebuerger wëllt sengem Diesel einfach net friem goen. An de Grand-Duché ass e schlechten Hybrid-Terrain. Mir fueren einfach net genuch an der Stad. De Lexus ka bis Tempo 30 reng elektresch tuckeren. Esou rentéiert sech  och dësen Hybrid nemmen am urbanen Stop&Go.

Op der Autobunn oder op der Landstrooss ass d’Spuerpotential vum Hybrid relativ kleng, fir net ze soen gläich null. Mä et profitéiert ee beim Confort. D’Zesummespill vu Bensins-, Elektromotor a Boîte klappt perfekt. Lexus huet hei grouss Fortschrëtter gemaach. Do vermësst een den Diesel wierklech net.

Lexus ass näämlech ganz couragéiert. Den 300h mat 223 Päerd ass déi eenzeg Motoriséierung, déi hei am Land ugebuede gëtt.

Den Elektroboost suergt virun allem ennen eraus fir déi néideg Sprëtzegkeet. D’Reprise par contre kinnte besser sinn.

“300h” dat suggeréiert sechs Zylinder. An de Motor kléngt och no engem käerege V6. Mä dat wat een am Cockpit héiert, dat ass renge Computersound! Well a Wierklechkeet ass den 300h e Véierzylinder mat Soundmodul!

Dat ass natierlech e bësse gefuddelt, et kléngt och e bësse kënschtlech. Mä et ass allemol méi agréabel wéi déi jäizeg stufenlos CVT-Automatik.

Wa mir vun der Stroosselag schwätzen, da ginn et zwou Woureschten. Fir unzefänken déi vun eisem Testauto mam normale Fuerwierk. Do fiert sech den IS éischter onspektakulär confortabel, iergendwou tëscht enger C-Klass an engem A4. Nëmmen d’Lenkung wierkt relativ synthetesch.

Mä den IS kann och präzis, knackeg, sportlech… Da muss een sech awer fir d’Versioun F-Sport décidéieren, déi kënnt a Saachen Dynamik schonn zimlech un den 3er erun.

Bei der Präislëscht bleift Lexus op sécherer Distanz zu sengen däitsche Konkurrenten. 35’000 Euro kascht de Basis-Modell.  Sécher, beim IS muss een Ofstrécher bei der Finitioun maachen. Mä et kritt een déi sofistikéiert Hybrid-Technik. An de Japaner wäert ouni Diesel sécher e ganz individuellen Auto bleiwen!