Autotest vum 3. Oktober 2013Citroën C4 Picasso

De Citroën C4 Picasso wëllt beweisen, dass och e Van duerchaus cool a modern ka sinn. De Serge Pauly huet de "Visiospace" probéiert.

E Familljenvan: vill Plaz, variabel a praktesch!

Mä moderne Famillje geet dat hautzedags net méi duer. De Papp wëllt e bëssen Aventure, d’Mamm wëllt sech am deegleche Coolness-Concours virun der Schoul behaapten. Mä tëschent de ganze Pseudo-Offroader huet een do mat engem Van wierklech schlecht Kaarten. Et sief dann, et ass den neie Picasso.

Egal ob Graffiti oder Karosserien, et ass ëmmer eng Affaire de Goût. Mam C4 Picasso verdéift Citroën awer säin avantgardistischen Design, deen ee bis ewell nëmme vun den DS-Modeller kennt. Nëmmen den Hënneschten gesäit e bësse klassesch-langweileg aus. Mä déi extrem schmuel LED-Dagesluuchten wierke scho bal futuristesch. Mat dësem Van brauch een sech net ze verstoppen!

Déi agréabelst Surprise gëtt et awer am Intérieur. Dat exzellent Raumgefill kennt ee scho vum Virgänger. Mä Citroën huet elo och geléiert, wat Ergonomie ass. A fréiere Citroën-Modeller hat een den Androck, si hätten d’Knäppercher mat engem Schroutgewier op den Tableau geschoss. Am C4 Picasso goufen déi sëllege Knäppercher duerch een eenzegen Touchscreen ersat, mat deem Navigatioun, Klima oder Entertainment gesteiert gëtt. Dat gesäit net nëmme besser aus, mä et ass och méi einfach ze bedéngen. Op engem zweeten Écran ass esouguer Plaz fir eng Photo vum Häerzallerléiwsten.

Nieft esou Gadgeten kann den C4 Picasso awer och mat enger grousser Palette u Faarwen a Matièren iwwerzeegen. D’Finitioun ass gutt, an et gi genuch Oflagen fir den halwen Haushalt ënner Daach ze kréien.

D’Mall heut eng breet an niddereg Ouvertüre, dat ass praktesch. A Saache Plaz läit de Picasso tëschent Scénic an Touran. Fir den Hausgebrauch geet d’Mall duer. Wien méi Plaz brauch, dee muss nach e bëssen op de GrandPicasso waarden. Deen huet dann och 7 Sëtzplazen.

À propos Sëtzer. Hanne sëtzt een am Picasso net wierklech gutt. D’Sëtzfläch ass ze kuerz, d’Sëtzer sinn ze schmuel, d’Lieder zimlech rutscheg an d’Kappstütze si fir erwuesse Leit ze niddereg. Och d’Beefräiheet ass limite. De System fir d’Sëtzer ëmzeklappen ass eigentlech gutt duerchduecht. Mä am Alldag muss een awer e bësse fréckelen a fummelen. Do ginn et Konkurrenten, déi dat besser kënnen.

Dat heiten ass e Familjewon, net den neien Déngschtauto vum Sébastien Loeb. Den C4 Picasso ass op Confort ausgeluecht. Och laang Strecke kann ee berouegt an Ugrëff huelen. A séiere Kéiere kënnt de franséische Van awer e bëssen un d’Schwammen. Wann de Papp ieren zevill sportlech Ambitiounen huet, ass hien mat engem C-Max vläicht besser beroden.

Citroën nennt dat heite Visiospace. Dat ass Marketing-Blabla, hannert deem sech awer d’Argument Nummer 1 fir de Picasso verstoppt. Mam grousse Panoramadaach an der riseger Panoramafënster ass et bannen extrem hell. D’Raumgefill ass exzellent, am Picasso fillt ee sech wuel!

Eisen Testauto war en Exot. En hat e Bensinner ënnert dem Capot mat 155 Päerd. Dëse 1600er THP geet korrekt, mä e verbrauch – raisonnabel gefuer – knapp 10 Liter. Wéi gesot, en Exot. Déi meescht Clienten wäerten de spuersamen Diesel bestellen.

Citroën bitt e ganze Package vun aktive Sécherheetssystemer un. Mä déi franséisch Elektronik ass net esou clever wéi déi däitsch oder déi schwedesch. Gutt gemengt heescht nach laang net gutt gemaach!

Mam Ofstandsradar soll de Picasso automatesch op Distanz zum Auto virdru bleiwen. Wann deen awer bremst, da panikéiert de Citroën-Tempomat an a schalt sech aus. Da muss een als Chauffer erëm selwer d’Commanden iwwerhuelen. Aner Systemer reagéieren do besser a bremse vum selwen. D’Citroën-Léisung irritéiert méi, wéi se hëlleft.

Och de Spuerassistent AFIL nervt, well e schonn um Gurt zitt, wann een en halwe Milimeter iwwert de wäisse Stréch fiert. Dofir kann ee sech déi 1’100 Euro fir den Driver-Assist-Package spueren!

Ganz allgemeng ass d’Präispolitik vum C4 Picasso ganz raisonnabel. D’Präisser fänke bei 20’000 Euro un, als komplett équipéierten Diesel bleift een ënnert 30’000. Sécher: do kritt een och Familljekutschen, déi am Detail besser funktionéieren, mä déi gesinn dann och e gutt Stéck méi langweileg aus.

Citroën C4 Picasso (03.10.2013)
E Familljenvan: vill Plaz, variabel a praktesch!