Autotest vum 17. Oktober 2013Jaguar F-Type

Et huet eng Zäitche gedauert, mä Jaguar huet endlech erëm eng Spillsaach. De Pascal Becker huet den F-Type probéiert.

Den éischte Konzept vum F-Type gouf ëmmerhi schonn 2000 gewisen. Mä et huet sech gelount ze waarden. Bis elo si mir nach kengem begéint, deen dësen Auto elle fonnt hätt. Besonnesch mat sengen diskreten Uspillungen op den E-Type, deen Auto vun deem als éischt gesot gouf, e wier wéi Sex op Rieder.

De Cockpit ass gréisstendeels am Familljelook, mam bekannten Touchscreen, deen an der heiteger HD-Welt méi schaarf kinnt sinn. Et ginn total iwwerflësseg Spillereien wéi d’Gebléis dat automatesch eran- an erausfiert. Mä den Dréiknapp fir d’Automatik ass hei erëm duerch en Hiewel ersat ginn, obwuel et keng manuell Variant vum F-Type gëtt.

D’Sëtzpositioun ass gutt. Dat ass wichteg, well mam obligate Sportknäppchen dreift een der Fiederung all Matleed aus a schrauft den Auspuffvolume op 11. Et kann een awer och de Sound aleng uwielen an esou d’Bandscheiwe schounen. Wien net wëll vum Spoiler verrode ginn, fiert dee manuel eraus. Automatesch geschitt dat ab 100. Also genee 5.3 Sekonnen nodeems ee voll ofgeschlappt huet.

Eisen Testauto hat 18’000 haart Kilometer erof. D’Lieder vun de Sëtzer hat gelidden, de Parechoc war schlecht ugepasst. Wann een zougespaart huet, ass an der Mëttelkonsol en Deckel opgaangen. An den Auto huet gezwitschert a geknistert. Fairerweis muss ee soen, dass en hanne scho Crashspueren hat, an dass et e Virserienauto gewiescht kinnt sinn. Aner Exemplairen haten näämlech propper Passdeeler.

Wat awer keen F-Type huet, ass eng raisonnabel Mall. Kleng, extrem flaach, do passt net vill eran. An et ass schonn ironesch, dass ee bannendran e Grëff fënnt, fir se opzemaachen, wann een dran agespaart géif ginn. Dofir misst een awer Zirkusartist sinn, oder en Chihuahua.

All dat ass awer direkt vergiess, esoubal een ënnerwee ass. Akustesch ass den F-Type e pure Genoss, en Tenor mat breedem Repertoire. Allerdéngt héiert een e gutt gebeetschten F-Type op 10 Kilometer. Wat vläicht net déi cleverst Iwwerliewensstrategie ass. E Polizist ka roueg säi Kaffi fäerdeg drénken, iert hien de Radar opriicht.

De Jaguar kann op Knappdrock awer och diskret an esouguer relativ spuersam. Gemittleche Kabriogenoss a legal Autobunnsétappe ginn ënnert 10 Liter. An déi serieméisseg 8-Gang-Automatik ass dobäi e perfekte Butler. E weidere Pluspunkt ass, dass den Daach bis 50 funktionéiert. Wann et reent, brauch een net stoen ze bleiwen.
 
Mir haten hei souzesoen den Antrëttsmodell a waren dach leeschtungsméisseg zefridden. Schonn de Basis-V6 huet e Kompressor an 340 Päerd. E geet a kléngt esou gutt, dass déi méi deier S- a V8-Versioune scho bal iwwerdriwwe schéngen.

Et ass och eng Fro vun der Harmonie. D’Lenkung bitt bei nidderege Vitesse net immens vill Réckmeldung. Si erwächt awer glécklecherweis, esoubal een eng Brikette bäileet. De Chassis ass handlech a gëtt gutt mat der Leeschtung eens. Fiischt Plazen deiten awer un, dass en F-Type bei Reen Respekt oder vill Plaz an Talent brauch. Besonnesch e V8 mat bal 500 Päerd.

Dem F säi Bop, den E-Type, ass legendär ginn aus zwee Grënn. Éischtens war e bildschéin, zweetens huet en fir déi deemoleg Zäiten enorm Fuerleeschtunge fir relativ wéineg Geld gebueden. Dat kann den F net. Schonn e Basis-V6 kascht 10’000 Euro méi wéi e Porsche Boxster S. An och wann e besser équipéiert ass, dat ass ëmmer nach eng Staang Geld. Näämlech 71’000 Euro fir e V6 a knapp 100 Risen fir e V8.
Jaguar F-Type (17.10.2013)
Et huet eng Zäitche gedauert, mä Jaguar huet endlech erëm eng Spillsaach. De Pascal Becker huet den F-Type probéiert.