Autotest vum 31. Oktober 2013Peugeot 308

Fir de Pascal Becker war den alen 308 en Déifpunkt an der Peugeot-Traditioun. Hien freet sech dofir op den neie Modell!

Ënnert de franséische Marke war Peugeot ganz laang eng sober a chic Mark. Mat éischter diskretem Design. Eppes wéi e schwaarzen Ensemble, net opfälleg mä ëmmer passend. Deen elo verstuerwenen 308 war an där Traditioun en Déifpunkt. Iwwerluede mat onnéidegen Elementer an dem Gesiichtsausdrock vun engem verstoppte Goldfësch. Vive deen Neien!

Am verreente Schwaarz a mat Wanterpneuen fält en net weider op. Mä d’Proportioune sinn agréabel. En huet e gudde Grapp Kiloen ofgespeckt an ass net ausernee gaangen. Dat ass gutt.

Och beim Raum fir d’Passagéier si mer am Klassenduerchschnëtt. Gutt, mä net exzeptionell. Wéi all déi aner wëllt och Peugeot sengen eegene lukrative Minivanen a Crossoveren net allzevill Schied maachen.

Vläicht erkläert dat, firwat an der scho korrekter Mall beim Ëmklappen e béisen Ofsaz bleift. Net flott, wann eppes Schwéieres era muss. Ëmmerhi kann een no engem Platte weiderfueren, ouni op eng Spraydous ze hoffen. Dat gëtt rar.


Vu Gréisst a Präis hir ass de Konkurrent kloer: den 308 viséiert déi selwecht Clientèle wéi de VW Golf. A fir géint deen ze bestoen muss een och bannendra méi bidden wéi eng hëlze Bänk. Den 308 verspreet effektiv e gediegenen Androck, och wann et e bëssen de Wonderbra-Effekt ass. Wann uewen villes d’Aen erfreet, vergësst een dass ënnen erëm de Plastik haart a bëlleg ass. Mä dat maachen se alleguer.

Den ieweschten Deel vum Tableau ass jiddefalls aus softem Plastik a mécht en opgeraumten Androck. Dass den Tourenzieler ongewinnt lénkt erëm dréint, wéi bei AstonMartin, ass dobäi en iwwerflëssege Gag.

Peugeot mécht ganz vill aus sengem Touchscreen, de mer schonn aus dem 208 kennen. Alles leeft iwwert déi kleng Tablett, vun der richteger Temperatur iwwert Musek bis zum Navi. An et funktionéiert gutt. De Pessimist a mir freet sech awer wat passéiert, wann de Schierm streikt: dann huet ee vill Commande verluer. Mä Puegoet bitt jo fir de Lancement bis zu fënnef Joer Garantie.

Dat hei ass en normalen Auto, deen normal Leit sech mat enger normaler Pai kafe fir normal op d’Aarbecht oder an de Supermarché ze fueren. Kee PS-Monster, dat Feier späizt. An et ass dofir ëmsou méi schwéier, dat kaalt Testerhäerz ze wiermen.

Mä den 308 mécht seng Aarbecht gutt. Ech sinn zum Beispill e Fan vum klenge Steierrad. Et mécht den Auto net nëmme méi handlech, et kënnt een och besser eran an eraus.

Geräich a Fiederungsconfort si wierklech gutt. Den 308 absorbéiert d’Schléi vum Asphaltliewen ouni dofir schwammeg ze wierken, emol net op Wantergrummi. E mécht Spaass genuch, esouguer ouni deen déckste Motor.

De 1600er HDi geet mat 115 Päerd schonn net schlecht, mä e kinnt nach eng Grëtz méi sprëtzeg eriwwer kommen wa Peugeot op déi ultralaang Iwwersetzung an den ieweschte Gäng verzicht hätt. Reng rechneresch kinnt en am 6. näämlech 300 packen. Dat ass nun awer e bëssen ambitiéis.

Zum Gléck geet Zeréckschalte liicht. Bei de Präisser fänkt d’Lëscht ëm 16’000 Euro un, fir e klenge Bensinner. Eise gutt équipéierten Testauto kritt ee fir 24’000. Voll op Golf-Niveau!
Peugeot 308 (31.10.2013)
Fir de Pascal Becker war den alen 308 en Déifpunkt an der Peugeot-Traditioun. Hien freet sech dofir op den neie Modell!