Autotest vum 14. November 2013MercedesBenz S-Klass

En Test vun enger Mercedes S-Klass ass ëmmer eng Rees duerch d’Zäit, meeschtens a Richtung Zukunft. De P. Becker huet sech masséieren a féiere gelooss.

Esou zimlech alles wat haut un der Spëtzt vum technologesche Fortschrëtt steet: dat hei ass dee Modell, an deem et fir d’éischt ugebuede gouf.

De relativ diskreten Optrëtt deit dat net onbedéngt un. Clienten vun enger S-Klass, op Manager oder afrikanesch Diktatoren, wëlle gewéinlech net opfalen. Déi éischter pubertär Karosseriemuskele vum Virgänger sinn dofir erëm ënnert dem Moosskostüm verschwonnen.

Mir kinnten elo hei ganz vill Zäit verbréngen, mat dësem Intérieur an der Abberzuel vu Méiglechkeeten a Programmer, déi seng Schiermer offréieren. Si reeche vun enger Hellewull vu Sécherheetsassistenten, op déi mir nach zeréckkommen, bis zur Méiglechkeet, dësem sérieuxen Auto eng faarweg Diskoambiance ze verpassen.

Positiv ass, dass et fir déi wichtegst Funktiounen hei ëmmer gläich e puer Weeër zum Zil gëtt: konventionell Knäppercher oder eng kloer an intuitiv Menüsteierung. Dat kritt ee serieméisseg.

Wéivill vun deene vill méiglechen Optiounen een elo wierklech brauch, ass e perséinleche Choix. Wann der awer just 2000 Extra-Euroen an Äre Kanner hirer Spuerbéchs kënnt klauen, ass mäi Rot kloer. Setzt Iech drop. D’Massagesëtzer hei si meng absolut Lieblingsoptioun!

Vir sëtzt een definitiv éischt Klass. Laangbeeneg Plutokraten a professionell Basketspiller mat Chauffer sollten awer vläicht nach emol 8’000 Euro extra an eng gestreckte Karosserieversioun investéieren. Net aus Raumnout wuelverstanen, mä well den Ënnerscheed tëscht Confort a Luxus am Iwwerfloss besteet.

Dat hei ass e wonnerbaren Auto fir grouss Strecken. Esoulaang keng véier Golfspiller mat Schéier an haarder Valiss reesen. D’Mall ass sécher net kleng, mä awer och net richteg grouss.

Wien Luxus iwwer Leeschtungsiwwerfloss definéiert, fënnt och bei der S-Klass säi Gléck. Mä ech woen elo emol ze behaapten, dass eise Basis-Diesel mat 260 Päerd duergeet fir glécklech ze ginn. Roueg, kräfteg, 250 km/h séier. A manner wéi 9 Liter am gemittlechen Alldag. Bon, finanziell ass dat wuel net prioritär fir Leit, déi déi 100’000 Euro vum Testauto kënnen hibliederen. Mä et ass gutt fir d’Ëmwelt a géint sozialen Näid.

E Chauffer hei ass e bësse wéi e Schlasshär mat vill elektroneschem Personal. Radaren halen automatesch Ofstand zum Vehikel virdrun, den Auto bremst vum selwen, gëtt erëm Gas wann de Verkéier erëm fléisst. An e Steierassistent hält esouguer diskret d’Spuer. Op der Autobunn kinnt dësen Auto de facto aleng fueren. En dierf et just net.

Ech si normalerweis kee Frënd vu Systemer, déi a mäi Fueren agräifen. Mä hei sinn se diskret an effikass genuch. An si droen zur Entspanung bäi: Dat ass näämlech déi gréisste Réussite vun dësem Auto: en ass eng Pëll géint Stress a senkt de Bluttdrock.

Well et Marketingfuzzien gëtt, kann een och hei den exzellente Fiederungsconfort iwwert eng Sport-Tast verschlechteren, ouni dofir aus engem 5m-Auto eng Ballerina ze maachen. Den S läit dobäi wierklech net schlecht, mä dat kënnen anerer grad esou gutt oder liicht besser. Am Confort awer steet dëse Mercedes momentan un der Spëtzt. A wierkt esou zolitt wéi e Panzer.

MercedesBenz S-Klass (14.11.2013)
En Test vun enger Mercedes S-Klass ass ëmmer eng Rees duerch d’Zäit, meeschtens a Richtung Zukunft. De P. Becker huet sech masséieren a féiere gelooss.